Béides geschitt eis alleguer. Mä firwat kënnt dat iwwerhaapt vir a wat geschitt an eisem Kierper? E Gespréich mam Allgemengmedeziner.

Vum Hicken a vum Gaapsen - De Reportage vum Radio

Wann de Mond grouss opsteet an ee sech eng Kéier gutt dobäi streckt, huet een esou richteg gegaapst. An der Zäit gouf emol gesot, dat kéim dohier, dass de Kierper sech wéilt mat Sauerstoff versuergen. Haut wësse mer dass dat eleng net wouer ass, Dr Nico Haas, Generaliste:

"Et gaapst ee net nëmme wann ee midd ass, et gaapst een och wann ee gestresst ass, wann ee gelangweilt ass, wann een Honger huet, also et gi vill Ursaachen. Firwat een elo wierklech gaapst , ass eigentlech net richteg erfuerscht. Et sinn och Leit, déi mengen, doduerch dass ee gaapst, géing een d'Gehier killen. Et sinn esou indirekt Hiweiser, déi drop hindeiten dass do kéint eppes dru sinn, an zwar zum Beispill wann ee sech e kale Läppchen an d'Genéck leet wann ee gaapst, da gaapst e manner oft."

Och dass Gaapsen ustécht, kéint nach aus enger Zäit kommen wou mer keng Aueren haten an d'Mënschen owes beienee souzen. Dann huet en ugefaange mat Gaapsen a wann déi aner all mat gegaapst hunn, war et en Zeechen an d'Bett ze goen. D'Gaapsen muss ewéi gesot net onbedéngt eppes mat Middegkeet ze dinn hunn.

"Et kënnt och sinn dass ee sech méi labber mécht. Dee Moment wann ee gaapst, da streckt ee sech och ganz gär  an et mécht ee sech prett fir iergendeppes. Se hu festgestallt zum Beispill, dass Leit gaapsen, déi virun enger Prüfung sinn oder virun engem groussen Effort- wou Middegkeet kann absolutt ausgeschloss ginn."

Haaptsaach, et deet gutt. Eppes wat allerdéngs méi nervt, ass den Hick. Meeschtens kënnt e wann een e net ka gebrauchen.

"Et hickt een well d'Loft net esou richteg kann erausgoen aus dem Mo. Dat kann einfach banal sinn. Firwat? Zum Beispill well een ze vill séier giess huet, Loft geschléckt huet, et kann awer och sinn well een en Abus gedriwwen huet, ze vill Alkohol gedronk huet, oder ze vill gefëmmt huet. Et muss een awer ëmmer drun denken: wann deen Hick sech net gëtt oder reegelméisseg erëm kënnt, dass eppes aneschters kéint hannendru sinn. Wat muss een an deem Fall maachen? Mä wann den Hick undauert, méi ewéi e puer Minutten oder méi ewéi e puer Stonnen oder e puer Deeg, mat Sécherheet muss een da säin Hausdokter opsichen a mat deem iwwer déi Saache schwätzen."

Den Hick kann och chronesch ginn. Fir den Hick ginn et méi oder manner schlëmm Ursaachen.

"E Reflux, dat heescht datt d'Mosaier erëm eropleeft an d'Speiseröhre, et kann eng Entzündung vum Keelkapp sinn, et kann eng Gastrite sinn, do gëtt et vill Méiglechkeeten. Et kënnen och schlëmmer Saache sinn: et kënnen Nervegeschichte sinn, dat muss een dann an deem Fall eben erausfannen, mä dee meeschten Hick geet ganz einfach ewech..."

Mat Tricken, déi mer scho vu Kand un héieren, ewéi een erféieren oder e puer Mol hannerteneen kräfteg schlécken. Mä funktionéieren déi gutt gemengte Rotschléi iwwerhaapt?

"Wann een zum Beispill seet 'Elo drénken ech e kaalt Glas Waasser, oder 'Ech halen d'Loft e bëssen un' oder wann ee sech einfach oflenkt, wann een un eppes aneschters denkt, datt ee net méi un déi Geschicht vun deem Hicken denkt, dann op eemol ass den Hick vergaangen. Meeschtens ass et also total banal wann een hickt."

Guergele mat Waasser kann och géint den Hick hëllefen oder un eppes Lëschteges denken. Wa mer eis oflenken, entspaant sech eis Ootmung an domadder berouegt sech och eist Zwerchfell.

Iwwregens:  Dee längsten Hick hat den Kalifornier Jack O'Leary- ganzer 68 Joer laang an hannerteneen wuelgemierkt.