De ganze Moien ass den RTL Reporter op der neier Tramsstreck vun der Gare bis bei de Lycée Bouneweg ënnerwee. Vue dat déi Streck relativ kuerz ass, muss den Dan Vinkowski dacks hin a hir fueren, an do huet en elo eng Dame u Bord déi sech ëm d’Kommunikatioun këmmert an eis méi Detailer iwwert de Pôle d'échange gëtt.

12/09/2022 RTL Reporter: Den Tram fiert op Bouneweg - Wat ass e Pôle d'Echange?

Méi Detailer iwwert den néien Trajet vum Tram an déi néi Arrêt’en mat alle Connectioune kritt der mam Link op radio.rtl.lu