Poliomyelitis: deene meeschte Leit wäert dee Begrëff näischt soen. Déi meescht kennen och d‘Ofkierzung Polio. Kinderlämung dierft méi geleefeg sinn. Et gräift quasi de ganze Kierper un, an et gëtt leider nach keng Heelung wann een dovu betraff ass. Wéinst de rezente Fäll an Israel an zu New York ass et wichteg nees op d'Krankheet opmierksam ze maachen, obwuel se immens rar optrëtt. D’Laura Lessyn huet recherchéiert.

13/09/2022 Polio: Kinderlämung net nëmme bei Kanner

Kinderlämung ass en héich ustiechende Virus deen zu Lämung vun Äerm a Bee féieren, awer och op d'Longe schloen an am schlëmmste Fall zum Doud féiere kann. D'Krankheet ass nach net weltwäit ausgerott, sou goufen et nach rezent Fäll vu Polio a Pakistan an ënner anerem Afghanistan. "Impfen ist süss. Kinderlähmung ist grausam." dat war deemools an de 60er de Slogan fir d'Leit un d'Impfen ze kréien. Zu New York ass een den Ament besuergt well am Ofwaasser eng héich Konzentratioun vum Virus konstatéiert gouf. Suergen déi begrënnt sinn, well wann een d'Krankheet erwëscht huet, ass se net ze heelen. Et gëtt keng effikass Behandlung géint Polio. Dat eenzegt wat hëlleft ass d'Impfung. Mä wéi gëtt dee Virus iwwerdroen, a wéi kann ee sech dogéint schützen, den Dr. Nico Haas?

RTL

© pixabay.com

"Dee Virus gëtt duerch schlecht Konditiounen iwwerdroen, ewéi zum Beispill duerch knaschtegt Waasser oder duerch de Spaut wann een dës Krankheet schonn huet. Et kënnt bei dëser Krankheet staark op d'Hygiène un. Et muss een eng Hygiène de vie hunn. Reegelméisseg Fangere wäschen, an den Ielebou houschten, eventuell eng Mask undoen an deenen Zäiten wou dës Vire vill verbreet sinn."

De Begrëff Kinderlämung kann duerchernee maachen.

"Et sinn natierlech haaptsächlech Kanner dovunner betraff, mä et sinn NET nëmme Kanner dovunner betraff. Och erwuesse Persoune kënnen dat kréien. Dofir hu se och den Impfstoff geännert, den Impfstoff duerch de Mond konnt och herno nach Polio Fäll ervirruffen. Dofir impft een haut mat enger Injektioun, zu Lëtzebuerg maache mir dat. Hei zu Lëtzebuerg kritt ee 4 Impfungen; dat éischt ass Kinderlämung, de bloen Houscht den Tetanus a Diphtherie. Dat sinn déi Krankheete wou d'Leit nach haut mussen dogéint geimpft ginn."

Et soll ee spéitstens all 10 bis 15 Joer e Rappel vun der Impfung maachen, fir dëser geféierlecher Krankheet aus de Féiss ze goen. Wéi scho beim Coronavirus sinn och bei dësem Virus ganz einfach Hygiènesmesuren immens effikass; Masken, keen enke Kierperkontakt a reegelméisseg Hänn wäschen.