Am Hierscht klëmmt de Risiko fir en Accident mat engem Wëld ze hunn. Déi wëll Déiere kenne kee Code de la Route, dofir soll de Mënsch besser dorobber oppassen. Tëscht Oktober an Dezember ass d'Gefor méi grouss fréi Moies oder Owes spéit en Déier unzestoussen. Op wat muss een oppassen, a wien kënnt dofir op, déi Froe beäntwert den Expert.

16/09/2022 Andre Schaack äntwert 2

E wëllt Déier kann d'Vitess vun den Autoen net beurteelen a waart net um Trottoir bis Dir laanscht sidd. Och wann d'Déier Iech gesäit, kann et nach ëmmer direkt virun Ären Auto op d'Strooss sprangen. Wann een also en Déier op der Säit vun der Strooss erbléckst, muss een däitlech bremsen oder souguer komplett stoe bleiwen. Am beschten déi grouss Luuchten vum Auto ausmaachen, fir dass een d'wëllt Déier net verblennt, a vill tuten, fir datt et och erféiert a fortleeft
Oppassen: Déieren sinn dacks net eleng ënnerwee, déi meescht si Ruddeldéieren.
Et ass och gewosst, datt d'Wëld sech ëmmer méi traut méi no bei d’Leit ze kommen, egal ob Fuuss, Dacks oder Réi. Am Hierscht wéi och am Wanter, fanne si méi schwéier eppes ze iessen, dofir siche si och eis Gesellschaft a lafe vläicht deen Ament op d'Strooss.
Den André Schaack vun der Police erkläert eis wat genee ee muss ënnerhuelen, wann een en Déier da wierklech ze pake kritt?

"Wann et zu engem Accident kënnt do steet Eegesécherheet op éischter Platz. Wann et geet den Auto op Säit stellen. Di feier Winkeren un maachen, a wann een aus dem Gefier eraus klëmmt am beschten direkt eng Warnvest undoen, déi soll och am beschten grëffbereet am Auto leien. Et ass och esou et ass eng Disposition am Code de la Route, déi eigentlech wéineg bekannt ass, soubal een ausserhalb vun enger Uertschaft béi schlechter Siicht oder Nuets also Foussgänger iwwert Strooss well goen misst een eigentlech eng Warnvest un hunn. An wann et net zevill schlëmm ass an et kann een Wëld eventuell aus der Strooss eraus huelen, an an de Summerwee kann zéien. Dobäi awer onbedéngt Hännercher undoen,well effektiv Wëld kënnen Parasitten oder Krankheeten iwwerdroen. Wann dat awer net méiglech ass oder wann Wëld nach lieft, dann der Police Bescheed soen oder dem Fierschter, déi huelen dann déi néideg Mesuren déi mussen ergraff ginn bei esou engem Accident."

RTL

© pixabay.com

Net vergiessen, wann een op enger geféierlecher Plaz steet, soll een och e Warndräieck opzestellen. Hei zu Lëtzebuerg geschéien all Joers bal 1.000 Accidenter wéinst Déieren op eise Stroossen haaptsächlech am Norden, do si méi Bëscher.
Also hei e klenge Listing war ee maache soll:
D'Accident ëmmer mellen wann d'Déier nach lieft oder e gréissere Materialschued um Auto entstanen ass.
Dir kënnt Iech bei der Police mellen, déi garantéieren d'Sécherheet am Stroosseverkéier.
De Fierschter aus der Regioun këmmert sech ëm Déier, dat iwwerrannt ginn ass.
An de Pannendéngscht këmmert sech ëm äert d'Gefier.
A wie kënnt da fir de Schued um Auto op? Nach emol den André Schaack:

"Ma wann e Schued um Auto entstanen ass, da soll een an éischter Linn emol seng Assurance kontaktéieren, wann de Wëldschued vun der Assurance gedeckt ass, dann ass et jo gutt. Wann en net gedeckt ass, an et ass ee villäicht Member beim ACL, da kann een awer och beim ACL nofroen. Si leen do eppes bei der Rechnung bäi, mee den Ament ass et awer am beschten sech un den ACL ze wennen. Nach eng Kéier als Informatioun, weder fir den ACL nach fir d'Assurance brauch een eng Bescheinegung vun der Police."