Den Hierscht steet virun der Dier, a mat deem muss ee sech, wuel oder iwwel, erëm mat de Wanterpneuen auserneesetzen.   Si bidden däitlech méi Sécherheet bei Schnéi, Bulli an Äis a sinn hei zu Lëtzebuerg, an och a villen aneren europäesche Länner, obligatoresch. Mä op wat soll ee bei Wanterpneuen oppassen? A virun allem, Laura Lessyn; wéini musse se drop hunn?

14/09/2022 Sécher duerch déi kal Joreszäit: de Wanterpneu

Et gëtt lues a lues méi kal dobaussen, da muss een natierlech och nees iergendwann u seng Wanterpneuen denken. Ze laang waarden ass schlecht a ka geféierlech ginn. Et gëtt recommandéiert sech ufanks Oktober schonn e Rendez-vous an der Garage fir d'Summerschlappen an de Wanterschlof ze leeën. Op dës Manéier fiert een op alle Fall sécher an et geréit een net an de Stress. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et laut Code de la Route kee festen Datum fir d'Wanterpneuen opleien ze hunn. Et kënnt op d'Wiederkonditiounen un, soubal et ënner 0 Grad ass, Schnéi op der Strooss läit, et glat ass, mussen d'Wanterpneuen drop sinn.

RTL

© pixabay.com

De Manuel Ruggiu vun der SNCA verréit eis wat iwwerhaapt den Ënnerscheed tëschent engem Summer a Wanterpneu ass?

"Wéi de Numm et seet huet de Summerpneu eng Gummismëschung déi fir de Summer fir méi héich Temperature gëeegent. An e Wanterpneu deen huet eng aner Gummismëschung déi méi fir déi kal Temperaturen gëeegent ass fir deen néidege Grip, dat heescht e besseren Kontakt zu der Strooss. Et gëtt och ee Profilënnerscheed: bei engem Wanterpneu ass de Profil gëeegent fir am Schnéi kënnen ze fueren oder d'Stroosse bedeckt sinn, och fir am Schnéi besser ze gräifen, do sinn déi sougenannten Lamellen drop a Profiller déi méi breet s fir dann am Schnéi gutt weider ze kommen. Dat sinn déi haaptsächlech Ënnerscheeder vun deenen zwee Pneuen."

A punkto Profil sinn am Code de la Route, egal ob Summer- oder Wanterpneu, 1,6 Milimeter virgeschriwwen. Gëtt awer net recommandéiert.

"Also bei engem Wanter- an och bei engem Summerpneu géing ech recommandéieren ni un d'Grenz ze goen. Well dann huet ee wierklech net méi vill Profil drop. Ech recommandéieren op mannst 3 bis 4 Milimeter op engem Wanterpneu ze hunn. A wann een drënner läit, soll een dësen Pneu entsuergen a sech e neie Pneu kafen. Well dat wat Gesetz virschreift ass Gesetz, mee fir seng Fuersécherheet am Stroosseverkéier ze garantéieren ass et awer besser wann ee méi Profil um Pneu drop huet."

RTL

© afp

Nieft Summer- a Wanter- gëtt et nach den All-Weather-Pneu, deem säi Ruff sech an der Lescht verbessert huet. Déi rezent Fabrikatiounen si fir d'Klima wat mir hei zu Lëtzebuerg hunn, quasi equivalent zu Wanterpneuen a kënne bis zu Minus 10 Grad gefuer ginn. Och All-Weather-Pneuen hunn d'Symbol mat der Schnéiflack an de Bierger drop.

"Dat heescht et ass eng gutt Optioun fir Lëtzebuerg fir ee All-weather Pneu ze huelen. A fir deen dann och drop ze halen, well dann ass een ëmmer an der Rei an et huet een ëmmer een uerdentlechen Pneu drop."

Bei den All-Weather-Pneuen vergësst ee gären de Loftdrock ze kontrolléieren, well een d'Pneuen dat ganzt Joer drop huet. An och wann d'Devis vun dësem Wanter "spueren" heescht, sollt een dat awer net bei de Wanterpneue maachen. E bëllegt Material an eng schlecht Veraarbechtung garantéiere keng gutt Traktioun op Schnéi an Äis.