Sidd der an der Stad opgewuess oder um Duerf? Kennt der nach e richtege Bauer? Um Duerf kennt ee sech alt nach, et begéint ee sech a schwätzt mateneen. Leit aus der Stad a Leit di net grad an der Landwirtschaft schaffen wëssen normalerweis net vill iwwert d’Realitéit vun de Baueren. Zu Déifferdeng gëtt dofir elo en Theaterstéck opgefouert, wou genau dat besser beliicht soll ginn. De Pit Pixius hëlt iech mat op de Lommelshaff.

27/09/2022 Esch 2022: E Bauerenhaff zu Déifferdeng

En Haff am richtegen Sënn vum Wuert, well de Lommelshaff ass tatsächlech e Bauerenhaff, matzen an Déifferdeng. Et ass keng typesch Theaterbün, ma dat ergëtt nei Méiglechkeeten an engem onkonventionelle Milieu ze schaffen. D’Conceptrice Renelde Pierlot erkläert ëm wat et am Wierk «Terre Ferme» geet:

«Terre Ferme» ass en immersiivt Theaterstéck am Lommelshaff zu Déifferdeng. Et geet dorëm datt am Bauerenhaff hei nach d’Bomi lieft an d’Bomi, do mengt D’Famill se wier senil. An dofir versammelt sech di ganz Famill fir ze kucken wat se mam Haff solle maachen. An de Spectateur deen ass invitéiert wéi wann hien Deel vun der Famill wier.

Domadder ass d’Zeen gesat. En Haff, am Stadkär, eng senil Boma a Famill. Dat klengt schonn no Polverfaass. Wéi am Stéck gespillt ass et awer net wierklech zougaangen, d’Geschicht ass zwar erfonnt, mä no un der Realitéit. Datt dat net einfach ze schreiwen ass kann ee sech virstellen, den Auteur Francesco Mormino :

C’est une pièce qui est réaliste mais pas tombé dans le réalisme, donc ça demande quand même une certaine vigilance au niveau de l’écriture. Il faut avoir une écriture qui est concrète sans être pseudo-réaliste.

Als Spectateur sëtzt een awer net just nëmmen an der éischter Réi vun engem Familljendrama an deem schaarf geschoss gëtt. Et gëtt een och mat Froen a Problemer di e Bauer hautdesdaags huet, konfrontéiert:

Dat Stéck weist och hin op verschidden Problemer di mer hunn vun deenen elo am Summer vill driwwer geschat ginn ass : Global Erwiermung an eis «Terre» a wéi mer déi behandelen. D’Agrikultur huet do och eng riseg Roll well d’Agrikultur, e bësse manner wéi 30 Prozent vun eisem Footprint ass.

Den Ament déngt den Haff als Bün fir Theateropféierungen di Froen stellen. Wat herno mam Lommelshaff geschitt ass nach net kloer. Mä och dat soll de Spectateur am immersiven Stéck zum Nodenke bréngen :

Ech weess net wat mam Lommelshaff dono wäert geschéien, dat muss d’Gemeng Déifferdeng entscheeden, mee am Theaterstéck geet et jo dorëms wat mam Lommelshaff geschitt. Dat ass dann och eng Symbolik fir wat mat eiser Agrikultur geschitt. Dat ass wierklech eng Fro am Stéck di wierklech oppen ass a wou mer interesséiert sinn wat d’Leit di kucken kommen sech virstellen wat een hei kéint maachen.

A wann der eventuell elo schonn Iddien hutt wat mam Bauerenhaff zu Déifferdeng geschéien soll a Loscht op Theater hutt, da kënnt der d’Stéck «Terre Ferme» gäre kucke goen. Eng éischten Opféierung ass muer den Owend, d’Stéck leeft nach bis de 4ten Oktober.