D’Drauwelies op eiser Musel ass voll am Gaang. Déi eng Wënzer si scho méi weit viru wéi déi aner, mee all d’Moscht Prouwen passéieren an der Wäibau Statioun zu Réimech. Wat ass hir Aufgab wärend der Lies a soss am Joer. De Christian Schmit huet dierfen hannert d'Kulisse kucken.

26/09/2022 Drauwelies / Wäibaustatioun zu Réimech (MAT USO)

Den eigentlechen Ausléiser fir d’Ariichte vun enger Wäibau Statioun am Joer 1925 ware Pilzkrankheeten a Parasitte wéi d’Rief Laus déi de Wënzer Kappzerbrieches, a grouss Schied an de Wéngerte mat sech bruecht hunn.

RTL

De Wënzer mat Rot an Dot zur Säit stoen, e begleeden, an innovativ a praktesch Léisunge proposéieren, dat huet, deemools wéi haut, nach ëmmer Bestand? Den Direkter Roby Ley.

Roby Ley: Am Laf vu bal 100 Joer huet den Institut sech de Begebenheeten ugepasst. Dat am Departement Viticulture wou mir dann d'Berodung maachen wat de Wéngert ubelaangt, dann den Domaine Oenolgie, wou et da méi em de Wäi geet. Dann hu mir och hei d'AOP. d'Appelation d'origine contrôlée, wou dann och d'Wäiner geschmaacht ginn, analyséiert ginn, fir ze kucken op si conforme sinn.

RTL

Och nei Riefzorte ginn hei ugebaut, getest, an dem Wënzer méi no bruecht. Awer och Erkenntnesser am Wäibau a Kellerwirtschaft.

An dann trëppele mir bis an de Wäilabo, wou d’Responsabel Christiane Blum eis schonn erwaart?

Christiane Blum: Moscht Analysen sinn obligatoresch. Iwwert d'ganzt Joer kann de Wënzer dann di jonk Wäiner bréngen, wou mir dann Informatioune ginn fir säi Wäinausbau. Dat maache mir vun no der Lies bis hie säi Wäin afëllt. A natierlech och d'Analyse fir de Label vun der AOP ze kréien.


An elo wärend der Lies, wéi eng Aufgab huet d’Wäibau Statioun do?
Christiane Blum: Wann d'Lies bis am gaang ass, maache mir di obligatoresch Moscht Analysen. Dat heescht all Wënzer muss vun all Faass am Keller muss en eng Moscht Prof bréngen. Mir bestëmmen den Oechsle Gehalt, dat heescht Zocker Gehalt am Moscht. de PH Wäert an d'Seier, an de Wënzer kritt dat dann och heem geschéckt.

RTL

Den Institut Vinicole zu Réimech ass awer och e Wënzerbetrib. Huet di nobel Aufgab de Wéngert vum Domaine de l’Etat ze verwalten?

Roby Ley: De Staat huet 5 ha Wéngert déi mir bewirtschaften. Dee Wäin, dat ass de kee Versuchswäin, mee dat ass dem Staat säi Wäin, dee kann och net verkaf ginn. Deen ass geduecht fir d'Ambassaden, fir d'Administratiounen, an déi kréien deen da vum Institut zur Verfügung gestallt.

Eng 30 Mataarbechter zielt den Institut Viti-Vinicole zu Réimech. An op de Cru 2022 dierfe mir eis freeën?

RTL

Roby Ley: D'Viraussetzunge ware jo ganz gutt, mir hunn dunn och nach e bëssche Ree kritt, dat hu mir gebraucht an dat war Gold wäert. An elo gi fantastesch Drauwe gelies, an dat ka nëmmen e ganz gudde Joergang ginn. 

Christiane Blum: Jo et gesäit ganz gutt aus, ganz héich Moscht Gewiichter et huet een ëmmer Wäin an Äppelseier an enger Drauf, an dëst Joer ass d'Äppelseier ganz niddereg, wat drop hi weist dass et ganz räif Drauwe sinn.

RTL

Ma da Prost op eis Wënzer an de Joergang 2022. Prost!