Wat kënnt Dir haut a muer ënnerhuelen?

24/09/2022 De Weekend-Agenda


Fir de Weekend vum 24ten bis 25ten September 2022

Dëse Weekend ass Steampunk-Convention am Fond-de-Gras. Mat Stroossenartisten, Museker op zwou Bünen, ville Stänn, schéine Maschinnen an enger eenzegaarteger Atmosphär. Haut a muer kënnt Der an eng aner Welt andauchen.

Muer (25.09) ass Kropemannsfest zu Réiden un der Atert. Um 10 Auer geet et lass mat Politiker-Theater. Et gi Kropemanns-Spezialitéiten, alles ronderëm de Kropemann, Dir kënnt gutt Affäre maachen an e flotten Dag an der Famill verbréngen. Dëst Joer maachen se en 'Après' vu muer den Owend 7 bis 10 ënnen am Restaurantszelt.

'I love Graffiti' heescht et haut a muer am Schluechthaus zu Hollerech. Op dësem Evenement gesi sech vill Artisten erëm, déi zanter 20 Joer Wierker um Site realiséieren. Fir Musek ass gesuergt, mat Hip Hop-Concerten, Elektro a Punk Rock an et gi Workshoppen op der Plaz ugebueden.

De Service National de la Jeunesse invitéiert haut (24.09) op déi 15. Editioun vum Festival 'On Stéitsch'. Deen ass an de Rotonden zu Bouneweg ënnert dem Motto 'Däi Joer, deng Kollegen, däi Festival'.
 
Muer (25.09) ass am Beetebuerger Park Kannerrechtsfest. Vun moies hallwer 10 un mat Animatiounen, Spiller a Stänn. E ganze Koup Organisatiounen an Associatiounen sinn di mat vun der Partie, ënnert anerem den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher, den Zentrum fir politesch Bildung an de Kanner- a Jugend-Telefon, fir elo nëmmen déi ze nennen. Den Entrée ass fräi.

Dëse Weekend ass och LGX-Convention. Haut a muer ass DE Rendez-Vous fir d'Fans vu Videospiller, Cosplay, Mangaen, Serien a neien Technologien.

Zu Esch-Belval ass haut (24.09) 'BeActive-Day'. An de Numm ass Programm am Kader vun der Europäescher Sport-Woch. Baseball ass mat vun der Partie, Kloteren, Indiaca a Boxen. De Rendez-Vous ass vun 10 bis 18 Auer op der Place de l'Academie zu Esch-Belval.

A nach en Event fir muer, Sonndeg (25.09): Zu Menster ass Quetschkiermes.