D'Ilres huet haut eng Etüd iwwert d‘Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg publizéiert. Doranner geet et och ëm d‘Bewosstsinn vun de Lëtzebuerger a Saache Liewensmëttelverschwendung. De Loïc Juchem huet sech d‘Etüd méi genee ugekuckt.

29/09/2022 Anitgaspi Ilres Etüd INTERNET

Am Optrag vum Landwirtschaftsministère huet d'Ilres dës Etüd iwwert d'Verbëtze vu Liewensmëttel zu Lëtzebuerg gemaach. Et ass drëms gaangen erauszefanne wat, wisou an aus wei enge Grënn bei ons Liewensmëttel an der Poubelle landen. De Questionnaire war och bewosst sou opgestallt, datt een d'Léit net wéinst hirem Verhalen accuséiert, mee datt se einfach éierlech an ouni Drock op déi gestallte Froen Äntwerten. 1022 Stéit goufen dofir befrot, den Tommy Klein vun der Ilres.

Tommy Klein:

Wat mir elo erausfonnt hunn ass datt 69 Prozent vun de Stéit 1 Produit de Mount fortgehéien, dacks sinn et awer méi Produiten déi gläichzäiteg fortgeheit ginn. 1/4 vun de Stéi zu Lëtzebuerg geheien minimum 1 Produit d'Woch fort. Dat heescht do kann een awer soen, datt de Gaspillage Alimentaire wierklech eng Realitéit zu Lëtzebuerg ass an et ass net nëmmen dat, mee et geet vill méi wäit. 40 Prozent vun de Stéit gi souguer dovunner aus, datt zu Lëtzebuerg all Mount Produiten am Wäert vu 50 Euro ewechgehäit ginn.

Wann een sech Lëtzebuerg am internationale Verglach ukuckt, dann hu mir do en änlecht Verhalen ewéi Frankräich, déi 2021 eng grouss Etüd an dem Beräich lancéiert haten.

Tommy Klein:

Et muss ee wierklech betounen, datt et zu Lëtzebuerg e grousst Bewosstsinn a gutt Intentioune fir de Sujet gëtt. Sou seet och eng grouss Majoritéit, datt et e ganz wichtege Sujet ass an datt d'Populatioun méi sensibiliséiert misst ginn. D'Léit soten och, datt se bewosst e Produit mat engem Verbrauchsdatum dee méi weit ewech ass kafen. An da stellt een sech awer d'Fro, wisou zu Lëtzebuerg da vill Saachen, trotz de gudden Intentiounen ewechgehäit ginn.

Grënn fir de Gaspillage Alimentaire sinn ënnert anerem eis Gewunnechten. Sou hu vill Leit uginn, datt se gären do akafe wou d'Regaler ëmmer gutt gefëllt sinn a 65 Prozent soten se kafen ëmmer gären dat schéinsten Uebst a Geméis. Dat suergt fir e gewëssenen Drock fir d'Geschäfter an et gëtt alt erëm méi ewechgeheit.

Tommy Klein:

Den 2. Haaptgrond wisou Villes ewechgehäit gëtt ass wéinst dem Ëmgoen mat engem Datum um Produit. Eng Minoritéit kennt zu Lëtzebuerg den Ënnerscheed tëscht engem Verbrauchs- an engem Mindesthaltbarkeetsdatum. An der Realitéit ass et nämlech sou, datt d'Léit dacks selwer decidéieren ob e Produit nach gutt ass oder net. Do kuckt een dann nom Ausgesinn oder nom Geroch. Dorausser entstinn vill individuell Gewunnechten, déi dann vu Famill zu Famill weider verierft ginn an sou ginn dann trotz Mindesthaltbarkeetsdatum vill Saachen ewechgehäit.

E weidere Grond sinn eis Konsumgewunnechten a Stéit mat méi wei 2 Leit a mat Kanner géing dacks ze vill gekacht ginn an um Enn och villes an den Drecksbac geheit ginn. Am meeschte ginn zu Lëtzebuerg och Rechter, Uebst, Brout a Geméis ewechgeheit. Bei Produite wei Fësch oder Fleesch géinge vill Leit awer méi geziilt akafen an et dann och meeschtens ganz verwäerten.