Elo de 17. September huet di éischt Kanner Kachschoul hei zu Lëtzebuerg hir Dieren an der Stad opgemaach. Kanner tëscht 3 a 15 Joer kënnen do selbstänneg kachen oder bake léieren. D’Laura Lessyn huet sech ënnert déi jonk Käch gemëscht.

21/09/2022 Kachschoul- „Mawaka“

Et ass kee grousst Geheimnis datt ze vill Junkfood net gutt fir d'Fitness an d'Gesondheet vun de Kanner ass. Mawaka erméiglecht de Kanner agreabel Momenter vun Entspanung, Spaass a Kreativitéit, andeems se eng Aktivitéit ausüben déi se gär maachen: an zwar kachen a baken. Mawaka ass iwwregens d'Ofkierzung fir "Mamma wat kache mir haut?". Hir Kichen si kannerfrëndlech a faarweg ageriicht ginn. Hei brauch ee sech keng professionell Kiche virzestellen, mä eng Kiche wéi doheem, just dass een hei méi einfach a Gruppen zesumme schaffe kann.

Joëlle Hinger Grënnerin vu Mawaka, erkläert wat alles ugebuede gëtt?

„Mawaka bitt reegelméisseg Couren u fir Kanner a Teenager tëschent 3 a 15 Joer. Mawaka organiséiert Kannergebuertsdeeg Samschdes nomëttes. Mee och Vakanzenaktivitéiten, wéi och pedagogesch Coure fir Schoulen, Foyeren, Maison Relaisen a Crèchen.“

Op dës léif Iddi, fir eng eege Kachschoul fir Kanner hei zu Lëtzebuerg opzemaachen, ass d‘Joëlle am Lockdown 2020. Wéi kann ee sech dann esou eng „Kanner Kachstonn“ am Mawaka virstellen?

„Sou eng Schoulstonn wann een dat esou nenne kann, well do si mir jo net esou streng gesäit esou aus, datt d'Kanner ukommen. Si dinn hir Schiertecher un, si wäschen hir Hänn. An duerno stelle si sech ob hir Plaz bei d'Dëscher an da leeë mir lass. An zum Schluss nom Kachen oder Baken gëtt zesumme geschmaacht, an et gëtt och zesummen geraumt a gespullt.“

Am Mawaka gëtt vu Dënschdeg bis Samschdes all Dag gekacht. Dat kann awer an der Vakanzenzäit emol variéieren.
Wann dir elo sot: "Oh super, ech well mäin Kand do umellen?" verréit iech d‘Joëlle wéi dat geet.

„D'Coure mat den Auerzäiten stinn um Site. Et kann ee sech nëmmen fir 1 Cour umellen, deen iwwert puer Wochen geet. Meeschtens sinn et da 6 Kéieren wou dëse Couren sinn. A fir säi Kand unzemellen einfach eng Email ob info@mawaka.lu schécken.“

RTL

© pixabay.com