Nuetsgeräischer vun der Stolindustrie zu Esch. Dat war den Unhaltspunkt vum Samuel Reinard, och bekannt als Ryvage, wéi hien virun e puer Joer säi Projet „Nightsongs“ an d’Liewe geruff huet. Dëse gëtt elo am Kader vun Esch2022 verëffentlecht. Dëse Samschde kann een dat Ganzt live an der Kulturfabrik zu Esch materliewen. D’Valeria Wiwinius huet sech iwwer de Projet informéiert.

23/09/2022 Esch2022 Projet "NIGHTSONGS"

De Samuel Reinard ass e gebiertegen Escher. Deemno ass hie mat de Geräischer vun der Stolindustrie opgewuess an hunn hie staark influenzéiert. Selwer ass him dat awer net opgefall bis Leit aus sengem Ëmfeld hien dorop opmierksam gemaach hunn, dass seng Musek en immens „industriellen“ a „melancholesche“ Klang hätt. Dat huet him dunn d'Iddi ginn, d'Geräischer vun der Stolindustrie wärend der Nuecht anzefänken an e Projet do ronderëm ze bauen.

"Ech hu festgetstallt, dass engem an der Nuecht déi Geräischer méi opfalen", sou de Museker. "Wann d'Stad bis zur Rou komm ass an d'Fënster op ass, dann héiert een an der Distanz déi Geräischer vun de Walzstroossen, "ponds roulants" a sou weider. Dat bewunnt da souzesoen d'Atmosphär a gëtt der Nuecht eng spezifesch Touche. D'Nuecht ass och deen Ament wou ee villäicht méi nolauschtert, manner gereizt ass vun all deene Saachen déi ronderëm passéieren. Et ass eng gewëssen Introspektioun dran."

Am Ganzen ëmfaasst de Projet 14 Kompositiounen an eng Rëtsch musikalesch an textlech Extraiten déi ee bei engem Spadséiergang iwwer de Site vum Belval iwwer eng App lauschtere kann. Jee nodeems wou ee sech grad befënnt, ginn da verschidde Saachen ofgespillt. Elo erwaart eis nach eng Konschtinstallatioun an dëse Samschde kënnt e Vinyl mat 9 Stécker eraus, deen een um Concert an der Kulturfabrik ka kafen.