D’Uni sollt u sech déi schéinsten Zäit am Liewe sinn. Et léiert een nei Leit kennen, et ass ee fir d’éischte Kéier manner ofhängeg vun den Elteren a virun allem wunnt een déi éischte Kéier eleng oder an enger WG mat anere Matbewunner. Ass dat Lescht de Fall, kann d’Zäit op der Uni awer och ganz séier zu engem Albdram ginn, besonnesch dann, wann ee mat de Matbewunner net eens gëtt oder mat der Wunneng eppes net stëmmt. De Bakir Demic huet mat Lëtzebuerger Studente geschwat, déi am Ausland éischter manner schéi WG-Erfarunge gemaach hunn.

22/09/2022 Horror-WG (Internet)

Eent dovunner wier zum Beispill d’Vanessa. Fir seng Masteraarbecht ze schreiwen, huet déi 25 Joer al Pharmaziestudentin een Auslandssemester zu New York verbruecht. Well de Wunnengsmaart do immens haart an deier ass, ass d’Vanessa an eng WG mat 7 weidere Matbewunnerinne rageplënnert. D’Problemer hu schonn no kuerzer Zäit ugefaangen, nodeems enges Owes e frieme Mann an hirer Wunneng stoung.

«Dee frieme Mann, deen ass do ronderëm gelaf, huet Kummerdieren opgemaach, huet un Diere getockt, huet mat Matbewunnerinne geschwat an et wosst kee wou dee Mann hierkënnt. An et wosst och kee wat deen do mécht a wéi dee rakomm ass. Hien hat déi ganzen Zäite vun enger Matbewunnerin geschwat. Hie géif Hatt kennen an hie sollt lo bei him schlofen. Déi Matbewunnerin war awer guer net doheem. Si hunn da probéiert deem unzeruffen an déi huet da just gesot: Nee ech kenne keen, dee lo sollt hei bei mech kommen»

Nëmmen e puer Deeg drop gouf hie virum Appartement vun der Police verhaft, well hie sou eppes wuel scho méi dacks gemaach soll hunn. Mä och mat verschiddene Matbewunnerinnen hat d’Vanessa Problemer. Sou zum Beispill, wou et no engem laangen Dag op der Uni nëmmen nach Heem wollt fir eppes z’iessen.

«Ech sinn heem komm – an et muss ee sech et sou virstellen, eis Kiche war direkt nieft der Agangsdier – steet déi eng Matbewunnerin mat der Meditatiounsmusek an der Kichen a mécht do am Spullsteen hir Wäsch. Wierklech seng Wäsch: Bueddicher, Bettwäsch, Ënnerwäsch, Kleeder...An dann hunn ech hat gefrot, firwat hat an der Kiche seng Wäsch wäscht an d’Ausso war, dass hat de Wäschmaschinnen net vertraut»

Besser ass et net ginn : Nodeems d’Vanessa ënner anerem wärend 6 Woche wéinst Bauaarbechten an eng aner Kummer plënnere misst an d’Kummer spéider wéinst enger Heizung, déi ausgelaf war, ënner Waasser stoung, misst um Enn jiddereen aus dem Gebai rausplënneren. De Grond: Et war baufälleg an huet riskéiert anzestierzen. Ëmmerhin huet de Proprietär sech fir d’Vanessa a seng Matbewunnerinnen ëm en Airbnb als Iwwergangsléisung gekëmmert.

De 24 Joer alen International-Business-Student Joé Beck hat a senger Wunneng zu Rotterdam wärend der Chrëschtdagszäit e Waasserschued a senger Dusch.

«D’Offlossrouer war gebrach an et ass halt iwwert mengem Zëmmer ofgelaf an dunn hat ech do bemol e mega Waasserfleck, deen och nach ugefaangen hat ze schimmelen»

Well de Proprietär versprach hat en Techniker laanscht ze schécken dee sech déi Saach ukucke kënnt, ass de Joé wärend de Chrëschtdeeg zu Rotterdam bliwwen, amplaz Heem bei seng Famill ze fueren. Nodeems den Éischte mol iwwerhaapt net komm ass, sot de Proprietär, e géing en Zweete laanscht schécken.

«Den ass dunn och komm mat zwou Stonne Verspéidung, ouni Erklärung firwat en ze spéit komm ass. Dunn huet e sech dat ugekuckt, dunn huet en eppes mat der Wäschmaschinn sech ugekuckt, obwuel déi an engem ganz aneren Eck stoung. An dann huet e mer gesot: Okay, ech gesinn net wou de Problem ass. Kuck wéi et weidergeet an da riffs de un»

De Gedoldsfuedem ass dem Joé du geplatzt, wéi de Proprietär ouni Ukënnegung mat 20 Leit a senger Wunneng stoung, fir eng Besichtegung, déi de Student och nach selwer huet misse guidéieren. De Waasserfleck war iwwregens och nach ëmmer do, wou de Joé rausgeplënnert war.

An och de 26 Joer ale Mateus Wojda erënnert sech ongär u seng WG zu Amsterdam.

«Et fänkt schonn einfach domadder un, dass et eng 4-Zëmmer-Wunneng war an déi Wunneng war awer am Keller. De Vermieter wollt einfach sou vill wéi méiglech Sue maache mat dem Gebai wat en hat, dat heescht en huet dann aus engem Keller einfach eng Wunneng gemaach»

D’Zesummeliewe mat senge Matbewunner war iwwerdeems och net ëmmer ideal.

«Ech hat 3 Matbewunner am Ganzen an ee vun deene Matbewunner war einfach ee vun deene gréisste Chaoten. Vue dass mir keng Spullmaschinn haten, ass et heiansdo wierklech op ee Punkt komm, wou mir wierklech kee Geschier méi haten, wou lauter Dëppen do stoungen, déi banne verschimmelt waren. Dee Matbewunner huet och ni säi Plastik fort geraumt wann e sech eppes gekacht huet oder sou. Et war zu engem Punkt wierklech mega chaotesch an einfach eekleg»

Aus dësem Grond: Net nëmmen oppasse bei der Wunnengssich, mä och bei der Wiel vun de potentielle Matbewunner!