Restless Legs Syndrom, ass eng Krankheet bei där een eng extrem Nervositéit an de Been verspiert. Déi Betreffend fillen en desagreabelen Drang hir Been ze beweegen. Mee wat kann een dogéint ënnerhuelen?

23/09/2022 Restless Legs Syndrom

Soubal Dir entspanen oder schlofe wëllt, fillt Dir Iech wéi wann Dir Är Bee konstant beweege misst. Et "kribbelt", et entsteet een Drock oder et "zitt" ganz staark, meeschtens am ënneschten Deel vun de Been. Wann et bis ufänkt, hält et net sou séier op. Déi betraffe Persoune fannen dacks net zu hirem Schlof a fillen sech daagsiwwer geriedert a midd. Den Dr. Nico Haas seet eis wien am meeschten dovunner betraff ass?

„Et si warscheinlech vill Leit dovunner betraff. An et ginn och verschidden Ursaachen do derfir. Et kënnt meeschtens béi Leit vir, déi een iwwerméissegen genoss vun Alkohol hunn. Et kënnt och bei Leit vir déi Nierekrank sinn. Diabetiker sinn och dovunner betraff. Et kann awer och bei Leit virkommen déi näischt vun deene Saachen hunn.“

Wann ee mierkt dass een ënnert esou Symptomer leid, soll ee säin Dokter kontaktéieren, et ginn nämlech eng Rei Traitementer. Medikamenter kënnen hëllefen, awer och eng gesond "Hygiène de vie" ass wichteg fir dës Nervositéit lass ze ginn.

„Et muss en och oppassen ob een net deck Warissen huet, déi engem och keen agreabelt Gefill ginn. Oder deck Oderen déi zou sinn, wou d’Leit dann Owes mierken, dass wann ee roueg läit wou den Drock an de Been hirkënnt. Dëst ass och onangeneem.“

Mä net nëmmen déi erwuesse Persounen sinn dovunner betraff, och Kanner kënnen dës Krankheet kréie sou den Dr. Haas:

„Et ass méi heefeg am Alter, an och méi schlëmm meeschtens wann ee méi al gëtt. Bei de Kanner kënnt et och vir, an do ass et extrem schwéier erauszefannen wat et ass. Et muss ee dem Kand gutt nolauschteren, kann d'Kand engem dat gutt erklären wat et huet oder de Jugendlechen, sou datt ee verstoe kann wat ass. Et gëtt an der Jugend oft verwiesselt: "du hues d'Been do méi wéi, wëlls de ganz einfach nach wiiss.“

RTL

© pixabay.com

Wa mir scho beim Thema sinn; haut, 23. September, ass weltwäiten Restless Legs- Syndrom Dag.