Se si meeschtens ganz kleng an trotzdeem hu vill Leit Angscht virun hinnen. Rieds geet vun de Spannen. Ma elo am Hierscht kommen déi Déiercher mat den 8 Been aus hiren Ecken gekroch a weise sech nees méi. Wisou dat grad elo de Fall ass, weess de Max Richartz:

22/09/2022 Mei Spannen ënnerwee?

Eigentlech liewen déi meescht Spanne léiwer dobaussen, mä wann et hinnen dobaussen ze kal gëtt, siche si och gäre mol de Wee an eist schéint, waarmt Doheem. Dobanne fanne si nämlech nach éischter eppes z'iessen a probéieren esou geschützt de Wanter ze iwwerstoen.
En plus hunn e puer Spannenzorten nom Summer hier Paarungszeit a kommen dofir aus hiren donkelen Ecker gekroch. Déi meescht Spanne stierwen awer schonns no e puer Deeg. Dat läit virun allem un der Dréchent am Haus, déi duerch d'Heizung entsteet. Ma wien d'Spannen net am Haus wëll hunn, soll se am beschte mat engem Glas an engem Stéck Pabeier virun d'Dier setzen. E Feeler dee vill Leit ëmmer rëm maachen; de Staubsauger huele fir de Spanne lass ze ginn. Do kommen déi nämlech ouni gréisser Problemer nees eraus.  Ma Spannen an der Wunneng ze hunn huet awer och positiv Säiten, wéi d'Lieke MEVIS vun Natur an Ëmwelt verroden huet.

"Doduerch dat se Jeeër si friesse si zum Beispill vill Insekten däi méi kleng si wéi Si. Se sinn och dowéinst am Haus guer net esou schlecht, also et ass guer net esou schlecht se ze hunn, well se engem effektiv vill aner Insekten friessen, déi ee soss villäicht net onbedéngt am Haus wëll hunn. An ausserdeem si si och eng wichteg Nahrungsquell rëm fir aner méi grouss Déieren. Dat heescht wéi eigentlech all Liewewiesen, och wann een den direkten Notzen net ëmmer gesäit, si se eigentlech duerchaus wichteg fir den Ökosystem."

Mee wisou eekele sech esou vill Mënsche viru Spannen? Dat kann un der klassescher Konditionéierung leien, also datt een iergendeng schlecht Erfarung gemaach huet. Et kann awer och dorunner leien, datt Bezuchspersounen Angscht viru Spannen hunn an ee sech dat souzesoen ofkuckt. Ma fäerte muss een hei an Europa awer net.

"Et gëtt Spannen déi bäisse mat hiren Mundwerkzeuge, mee déi sinn normalerweis esou kleng a sou schwaach dat se souwisou net duerch déi mënschlech Haut duerchkommen. Dat heescht fir eis geet keng direkt Gefor vu Spannen aus."

Och wann eng Spann gëfteg ass, heescht dat net direkt, datt se och fir d'Mënsche geféierlech ass. D'Nosferatu-Spann déi an der Lescht an Nordrhein-Westfalen gesi ginn ass, ass eng vun dëse gëftege Spannen an Europa. Och wa se e bësse méi grouss ass wéi déi normal Hausspann muss ee keng Panik kréien.

"Se ass gëfteg, wéi vill aner Spannen och. Wann eng Nosferatu-Spann ee bäisst, dann ass dat wei ee liichten Insektestëch, mä et ass awer lo näischt wat geféierlech ass oder wat ee normale Mënsch kéint ëmbréngen."