Villäicht hutt der d'Annonce scho bei eis um Radio héieren: Et ginn nei "Agents pénitentiaire" gesicht.

22/09/2022 De Beruff vum Agent Pénitentiaire

Wéi kann ee sech dee Beruff vum Gardien am Prisong virstellen a wéi eng Qualifikatioune muss ee fir dëse Posten hunn? Dat wollte mer wëssen an hunn dofir bei der "Direction de l'Administration pénitentiare" nogefrot.

38 ginn der gesicht fir den neie Prisong um Ueschterhaff an 13 fir de Prisong zu Schraasseg. Dat sot eis D'Martine Wagner, Responsabel fir d'Kommunikatioun. Wie ka sech dann do alles mellen?

"Am Prinzip ass et esou, dass déi Persounen déi sech bei eis melle wëllen déi mussen 18 hunn, déi mussen déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, si mussen déi éischt 5 Joer vum enseignement secondaire classique oder general gepackt hunn, dat heescht se mussen eng Troisième hunn oder eben en ofgeschlossenen DAP. An dann ass et natierlech esou, dass se mussen d'épreuve d'aptitude générale vum Staat gepackt hunn fir de Groupe de Traitement C1/D1"

Wéi kann een sech dëse Beruff elo konkret virstellen? Och déi Fro krute mer beäntwert. De Jeannot Sinner, Personalchef vum Service de Surveillance am Prisong um Ueschterhaff.

"Am ganze Prisong ginn et effektiv verschidde Beräicher, vum klassesche Gardien deen eben sech em d'Gefaange bekëmmert iwwert de Beamten deen op der Visitt schafft, deen am Accueil schafft, dat heescht deen deen d'Visiteuren eraléisst. Deen an der Sécherheetszentral sëtzt, deen d'Kameraiwwerwaachung mécht. Anengems hu mer och administrativ Posten, dat heescht vu Leit déi méi um Büro sëtzen, déi d'Déngschtpläng maachen. Mä wann der awer elo als neien am Prisong ufänkt, ass et awer éischter dass der op d'Abteilunge schaffe gitt, also   am Kontakt mat Detenu."

Et ass ee ganz ofwiesslungsräiche Beruff dee vum Agent Penitentiaire wéi de Jeannot Sinner weider betount.

"Et ass effektiv e ganz ofwiesslungsräiche Beruff, dir gitt moies schaffen an et kënnt all Dag eppes Neies op iech duer, dir wësst net wat deen Dag geschitt an dat mécht de Beruff eben esou interessant. Dir gitt gutt encadréiert vun deenen eelere Gardienen. Wéi der wësst hu mer jo och eng Schoul. Do maacht der mol am Ufank Couren, theoretesch praktesch Couren. Mir léieren iech gutt un éier mer iech op den Terrain lass loossen. Wat der als Profil sollt matbréngen ass menger Meenung no wierklech Motivatioun, dee muss bereet sinn an enger Equipe ze schaffen, op Schichte schaffen. Da sidd der schonn um gudde Wee fir bei eis ze kommen."

D'Martine Wagner erkläert doriwwer eraus, dass ee sech soll bewosst sinn, dass ee ganz vill am Kontakt mat Mënschen ass.

"Dat heescht, dat sollt engem am beschte Fall leien. Et soll een eng gewëssen Empathie matbréngen, et soll ee dialogbereet sinn a gläichzäiteg ass et awer esou, dass natierlech an engem Prisong Stresssituatiounen optauchen, dass Imprevuen un der Dagesuerdnung kënne stoen. An do sollen d'Leit natierlech eng gewëssen Adaptatiounsfäegkeet hunn an och kënnen mat Stress ëmgoen."

Wie sech elo an deem Profille erëmerkannt huet, dee ka sech gären hei mellen: