Ganz kleng Partikelen, sougenannt Micro-Polluants, kënnen bei den normalen dräi Etappen vun enger Kläranlag net erausgefiltert ginn. Dës Partikelen kënnen vu Réckstänn vu Crèmen oder Medikamenter kommen a mussen dann nodréiglech eliminéiert ginn, wat méi opwänneg ass. Dowéinst sollen bis 2027 déi 13 gréissten Kläranlagen hei am Land ëmgebaut ginn a mat enger 4. Klärstufe ekipéiert ginn. Dat ass Deel vum 3. Bewirtschaftungsplang, deen ënnert anerem och d'Renaturéierung vu Baachen a Flëss virgesäit, Monica Camposeo

22/09/2022 Waat maachen fir besser Gewässer? / Reportage Monica Camposeo

Am Péitrussdall gesäit ee gutt, wéi d'Betongsbett komplett opgebrach gouf. Virdrunner ass do d'Waasser duerch gefloss. De Laf vun der Péitruss soll nees natierlech gestalt ginn, also ouni kënschtlech Uferen. Dat ass eng éischt Etapp, fir d'Péitrusse ze renaturéieren, erkläert de Jean-Paul Lickes, Directer vum Waasserwirtschaftsamt:

CUT

Wéinst den extremen Temperaturen, déi mer am Summer haaten, wier et och wichteg laanscht d'Baachen a Flëss eng Zort Puffer anzeplangen, wou d'Natur méi wëll gelooss gëtt. Héischt Gras oder am beschte Fall Beem kéinten dann dem Gewässer Schiet maachen. Aktuell wier den Zoustand vun de Gewässer hei am Land nämlech net immens. D'Ëmweltministesch Joëlle Welfring huet dofir verschidde Grënn genannt:

CUT 

Pestiziden zum Beispill géinge jorelaang am Waasser bleiwen. Dowéinst géing ee konkret Resultater, wéi een se sech vun der 4. Klärstufe erward, eréischt no e puer Joer gesinn.