Bluttspenden ass wichteg; dir kënnt aktiv dozou bäidroe fir Liewen vun anere Mënschen ze retten oder vu Kranken, Blesséierten ze verbesseren. Wann Dir interesséiert sidd Bluttspender ze ginn, da gëtt eis d‘Laura Lessyn déi néideg Informatiounen.

26/09/2022 Croix Rouge - Bluttspenden

Duerch d'Ënnerstëtzung vu Bluttspender, kënnen all Joers vill Liewen gerett ginn. All Mënsch ka gesondheetlech an eng Phase kommen, an där een ofhängeg vu anere Leit hirem Blutt oder Plasma ass. Deemno ass et wichteg, datt och genuch Leit Blutt a Plasma spenden.
De Vincent Ruck-Hechenberger erkläert déi alleréischt Schrëtt déi en muss ënnerhuelen fir säi Blutt kënnen ze spenden?

"Alors la première étape, c’est d’aller appeler la Croix Rouge, au -27 55 4000, ou d’aller sur le Site. La personne téléphone avec l’équipe, elles vont répondre a toutes les questions, aussi pour savoir si vous pouvez donner. Et pour fixer un rendez-vous, pour avoir votre premier entretien. Le premier entretien est avec un médecin, qui va passer un peux plus de temps avec vous, pour tout vous expliquer.
Après ça, ça sera un médecin ou une infirmière pour vérifier que rien dans votre santé ou dans votre sang a changer."

All Mënsch ass ka Blutt spenden, et gi just zwou Konditiounen, et muss een 18 Joer al sinn, a minimum 50 Kilo weien. Virun der Bluttspend ass et net sou wéi an der Bluttanalyse, datt ee virdrun näischt drénken oder iessen soll, am Géigendeel, et soll ee genuch drénken an normal iessen. Hei zu Lëtzebuerg ginn et zwou Platzen wou een säi Blutt spende kann. Ee mol an der Stad net wäit ewech vum Glacis an zu Esch, wou een all Méinden a Dënschden ka spenden. D'Frae kënnen, wa se wëllen, all 4 Méint spenden, d'Männer all 3 Méint, alles op fräiwëlleger Basis. Hu mir da momentan genuch Spenden hei zu Lëtzebuerg?

„On a toujours envie d’avoir plus de donneur de sang au Luxembourg. Parce-que ca permets, en cas de problème, et en cas de grand besoin dans les hôpitaux, on puisse mobiliser plus de personnes. Plus on a de donneurs, plus on a de variété plus on ressemble au gens qui on a besoin. Le sang et nécessaire parceque on ne peut pas fabriquer du song et le song et très important pour les blessés et les personnes malades."

Et ass ee gutt versuergt wärend der Spend, Dokteren wéi och Infirmieren sinn ëmmer op der Plaz. Bei enger Seance kritt een all Kéier déi selwecht Quantitéit vu Blutt ofgeholl, 500 ml am ganzen, dës Quantitéit ass fir e gesonde Kierper NET geféierlech. No der Spend, soll een eppes Klenges an hirer Cafeteria iessen a drénken. Firwat spenden d'Leit dann hiert Blutt?

26/09/2022 : Spennt Dir Blutt, firwat a firwat net?

All Blutt oder Plasma dat gespent gëtt, kënnt och an de gebrauch. Egal, wéi eng Bluttgrupp een ass, et gi keng Blutt "Poschen" ewech geheit. De weltwäiten Dag vum Bluttspenden ass iwwregens de 14. Juni.

RTL

© pixabay.com

Den Detail iwwert Bluttspenden, fannt dir op www.dondusang.lu. Oder Dir rufft direkt bei der Croix Rouge un.