Den Doud vun der Queen Elizabeth II am Alter vu 96 Joer huet weltwäit fir Trauer gesuergt. Honnertdausende vu Leit hu sech deelweis wärend méi wéi 10 Stonnen an eng Schlaang gestallt, fir laanscht hire Sarg ze goen an eng leschte Kéier Äddi ze soen. De Jean-Marie Bellion wollt säi Respekt fir d’Queen op seng eegen Aart a Weis ausdrécken an huet e LEGO-Set designed, deen der Monarchin no-empfonnt ass an och kéint zu engem offizielle Set ginn. Mir wollte méi doriwwer wëssen an hu mam Jean-Marie Bellion geschwat.

23/09/2022 Queen Elizabeth II als Lego-Set

D’Iddi heifir war simpel.

«Den Doud vun der Queen war jo ee Sujet, dee relativ present war riets a lénks an de Medien. A vue  que datt ech reegelméisseg op d’LEGO-Ideas-Säit kucke ginn, hat ech einfach mol probéiert fir ze kucken, ob dann iergendeen d’Iddi hat, fir do eppes anzereechen an erstaunlecherweis war do nach näischt drop. An do hunn ech mir geduecht: Ok da mëss de eppes Klenges an da probéiers de einfach mol et anzeschécken»

Ronn 20 Stonnen, verdeelt op 3 Owenter souz de Jean-Mare Bellion u sengem Projet. Mä wéi genee geet ee bei sou eppes am Fong fir a mat wat fänkt een un?

«Also ech hat eng Kéier gesinn, wou een d’Figur vun der Queen gemaach hat an déi Perréck war relativ gutt ginn. Do wosst ech scho wéi ech et géif maachen. Ech wollt ee Stéck vum Palais maachen. Do sinn ech mol e bëssen op Google kucke gaangen, Fotoen ze fanne vun der Queen wéi si am Palais war. An dat meescht waren eben Fotoe wou si op hirem Schreifdësch war oder op der Couche. Do war relativ schnell kloer, dass ech géif probéieren, déi zwee eranzekréien an dann eben de Palast ze dekoréieren. Et ass zwar lo net 100% akkurat mä ech hat probéiert, puer Elementer wéi zum Beispill de Kamäin oder d’Sailen, déi ech dann op Fotoe gesinn hunn, eranzekréien fir datt et eben ausgesäit wéi eng Aart Sall vun engem Schlass»

455 Stécker soll de Set hunn, wann en da sollt ugeholl ginn. Fir dass dat geschitt, muss de Jean-Marie Bellion allerdéngs genuch Stëmme kréien. 10.000 brauch hien der nämlech am ganzen, fir dass säi Projet an enger enker Auswiel vun enger Jury gekuckt gëtt. D’Zäit déi en huet fir déi ze kréien ass limitéiert.

«Ech hat lo 60 Deeg Zäit fir 100. Wann een da 100 huet, da kritt een nach eng Kéier 12 Méint fir 1.000 an da kritt een nach eng Kéier 6 Méint fir 5.000 an nach eng Kéier 6 Méint fir 10.000. Wann een iwwer 5.000 kënnt, huet een awer bal dann 2 Joer Zäit. Et kritt een awer ee Präis vun 300 Euro wann een 10.000 huet. Am Moment gëtt awer just een erausgesicht»

A wéi kann een dann elo fir de Queen-Set ofstëmmen?

«Et muss een en Account bei LEGO hunn. Dat heescht deen Account, deen een zum Beispill hëlt bei LEGO wann een e Set keeft, dee geet am Fong duer. Op der LEGO-Säit ass e Link, fir op d’LEGO-Ideas-Säit. Den direkte Link ass ideas.lego.com. Do huet dann all User, also déi Leit, déi e LEGO-Account hunn, déi hunn eng Aart Profil an do ass och eng Sichbox. Mam Terme «Elizabeth» misst Dir et direkt fannen. Et gëtt och een direkte Link, mä Dir musst Iech aloggen, fir ze voten. Wann ee lo keen Account huet, da muss ee leider ee bei LEGO kreéieren»