E Freiden an e Samschden ass déi 2. Editioun vun der Luxembourg Classic. E Rallye. Awer net mat Rennmaschinnen, mä mat Oldtimer. An deem Sënn geet et och net ëm Zäit, a wien dann och nach reegelméisseg den Tatort kuckt, huet da schonn 2 Grënn fir sech op de Parcours oder an d'Stad bei d'Gëlle Fra ze beweegen.

28/09/2022 Luxembourg Classic 2022: Rallye mat Nostalgie

Den Ed Goedert seet datt déi 2. Editioun vun der Luxembourg Classic nach besser gëtt, et hätt een Adaptatioune vis-à-vis vun der éischte Kéier gemaach. Hei e klenge Virgeschmaach op dëst Joer.

Eng Onmass super flott Autoen. Den eelsten Auto ass vun 1927 dat ass e Bentley. Mir hu Bugatti dobäi, Porsche, Mercedes, et ass vun allem dobäi. Et gëtt jo gesot et wier e "rollendes Museum". Et ass wierklech flott Event.

Et ass e Rallye mat deels historesche Gefierer, et gëtt also net um Parcours geraibert.

Hei gi Wertungsprüfunge gefuer op gespaarte Stroossen oder privaten Terrainen. Dat geet op Genauegkeet. Am Roadbook steet dran 150 Meter a 27 Sekonnen, déi Streck muss dann och a 27 Sekonne gefuer ginn an all 100stel Sekonn driwwer oder drënner gëtt ee Strofpunkt. Dee mat de mannste Strofpunkte gewënnt de Rallye, et ginn 12 där Etappen.

Depart, e Freideg, grad ewéi e Samschdeg ass beim Parc Hotel zu Dummeldeng an da geet et duerch déi schéinsten Ecker vum Land.

Mir komme beim Palais un an da fuere mir de Gruef, Boulevard Royal a Roosevelt an da geet et bei d'Gëlle Fra an de sougenannte Parc fermé. Do stinn dann déi 120 Autoen an et kann ee mat de Fuerer schwätzen. Mir hunn och dëst Joer och e Guestdriver dobäi, dat ass de Richy Müller déi d'Lëtzebuerg kenne wa se vill Tatort kucken. Dee kënnt mat sengem original Porsche deen extra aus dem Musée vu Stuttgart kënnt.

Den Detail vun den zwou Strecken vum Luxembourg Classic fannt dir natierlech op hirer Internetsäit. Dir braucht keng Ticketen, weder fir de Rallye nach fir de Parc fermé bei der Gëlle Fra an dem Ed Goedert no ass de Parcours fir eng 3. Editioun schonn ugeduecht.

Oh ech hu schonn d'Strecken am Kapp.