Dir wunnt zu Lëtzebuerg a wëllt no ärem Doud är Organer spenden? Jiddereen hei zu Lëtzebuerg ass e potenziellen Organspender no sengem Doud, ausser déi jeeweileg Persoun refuséiert et ausdrécklech. D’Laura Lessyn

27/09/2022 „Passeport de vie“- Organspender INTERNET

Onofhängeg vun ärem Alter, kënnt dir är Wënsch zu ären Organer schrëftlech opschreiwen, fir datt är Famill dës schwéier Decisioun net huele muss. De Gesondheetsministère huet eng mof Organspenderkaart "Passeport de vie" agefouert. Dës Kaart ass gratis, a kritt een an all Apdikt, beim Dokter, op der Gemeng awer och an der Receptioun vu Guichet.lu selwer oder direkt online. D'Gesetz hei zu Lëtzebuerg garantéiert d'Anonymitéit vum Spender an dem Empfänger. Den Don ass gratis: all Form vun Entschiedegung fir eng oder méi Organspenden ass vum Gesetz hier verbueden, et soll e Geste vu Solidaritéit sinn: wëll et ka Liewe retten! De Jorge de Sousa vu Luxtransplant, erklärt wéi vill Leit hei zu Lëtzebuerg e Spender Organ brauchen?

"Hei zu Lëtzebuerg ass et sou, dass den Ament op den Dag vun haut ganz genau 94 Leit op eng Organspend waarden."

D’Viraussetzung fir seng Organer ze spenden; et soll een am beschte Fall gesondheetlech a form sinn. E bestëmmten Alter gëtt et net, souguer Mannerjäreger kënnen hir Organer spenden. Si mussen et just preziséieren mam "Passeport de vie", soss ginn an dësem Fall d’Elteren gefrot. A wéi eng Konditiounen zielen nach?

"Eng vun de Haaptviraussetzungen, fir dass eng Persoun als Organspender consideréiert gëtt, dat ass Gehierdoud. De Patient muss sech an deem Zoustand befannen. Duerno ass et un der Exploitatioun Equipe fir Leedung vun der Transplantatioun ze leeden. Et muss ee wierklech gutt ënnersichen, wéi eng Organer iwwerhaapt kënne gespent ginn. Et sinn net all Organer déi geholl kënne ginn, wëll se eventuell krank sinn oder d'Organer hunn eng "mal formation". Natierlech, ka een dës Organer dann net spenden. Et sinn awer och aner Krankheete ewéi zum Beispill Kriibs oder Leukemie, déi ganz Organer kann ee guer net weider spenden."

Wéi laang muss eng Persoun hei zu Lëtzebuerg am Duerchschnëtt op e Spender Organ waarden?

"Hei zu Lëtzebuerg ass et sou, dass Patienten déi op enger Waardelëscht stinn fir een Organ ze kréien am Duerchschnëtt, 3 Joer waarden mussen. Natierlech, ass et awer och sou, dass et Patiente ginn déi eng méi einfach Comptabilitéit hunn, an déi kommen dann och méi séier un d'Rei."

RTL

© pixabay.com

Dir fannt all Detailer zum „Passeport de vie“ och ënnert Guichet.lu