Elo geet et ëm de Kaméidi. Wat muss een sech gefale loossen, a wou fänkt et net just an den Oueren u wéi ze dinn, mä kann och deier ginn?
A wéi vill Kaméidi dierfe mir selwer maachen. Geet en Auspuff dee futti ass schonn duer oder eng Garagëpaart déi quiitscht? Wéi laang a wéi haart dierf en Hond billen, a wéi ass et mam Presslofthummer oder de Klacke vun der Kierch. Alles Froe fir de Maître Jean-Jacques Schonckert.

30/09/2022 Fro un den Affekot (Kaméidi)

Wat ass dann Definitioun vu Kaméidi iwwerhaapt?

"Déi éischt Äntwert ass et Kaméidi, deen am Dag gemaach gëtt oder Kaméidi an der Nuecht? Dat si verschidden Definitiounen. Am Code penal ass zum Beispill just verbueden «bruit nocturne». Dat ass eng Geldstrof tëscht 25 an 250 Euro. De Code civil gesäit awer vir, ouni dat en et definéiert, dat jiddwereen d’Recht huet mat senger Proprietéit ze maachen, wat e well. Dat heescht ech ka bei mir d’Musek maache wei ech well, ech ka Géi oder Piano spillen, meng Gaardepaart op an zou maachen. Ënnert der Konditioun, dat et normal ass. Wat normal ass hänkt dovun of. Wann ech um Duerf d’Musek bis hanne widder drécken, ass eppes aneschters, wéi an der Stad, wou souwisou scho Kaméidi ronderëm ass. Dat heescht do héiert een et net onbedéngt. Et gëtt all Kéiers no Cas par Cas gekuckt. Eng offiziell Definitioun vu Kaméidi gëtt et net. Et ass e subjektiivt Empfannen. An dann huet een de groussen Ënnerscheed tëscht néidegem Kaméidi an onnéidegem Kaméidi. Zum Beispill néidege Kaméidi ass, wann Schantercher sinn. Mee do kann een och iwwerdreiwen. Do hunn mer dann d’Ëmweltverwaltung, déi do ganz aktiv ass an déi do intervenéiert, wann do géif iwwerdriwwe ginn.  Onnéidege Kaméidi ass wann een dann zum Beispill am Dag d’Musek bis hanne widder mëscht oder souguer wann d’Kanner jäizen. Dat kann och heiansdo an de Kaméidi ran goen. Mee och do gëtt Cas par Cas gekuckt."

Wann ech dann elo fannen, dat dat fir mech ze vill Kaméidi ass, wat maachen ech dann do? Wou ginn ech reklaméieren? Direkt bei d’Police oder wat ass mäin direkte Wee?

"E Wee ass natierlech selbstverständlech, an dofir ass de Code civil och do fir d’Relatiounen tëscht Bierger ze reegelen. An zwar, ech gi mat deem schwätzen, dee de Kaméidi verursaacht. Oder wann dat alles näischt bréngt, wat jo heiansdo leider de Fall ass, da muss een effektiv bei d’Police goen. Lo ass et awer esou an dat ass ganz interessant. Et gëtt jo hautzedaags och ganz anere Kaméidi dobaussen, mat Musek déi opgedréint gëtt, an do hu mer dat Gesetz vum 27. Juli 2022. Dat ass dat Gesetz, wou gesot ginn ass, dat d’Pecherte méi ze soen hunn. Déi kënne lo intervenéiere wann op enger Ëffentlecher Plaz ze vill Kaméidi ass. D’Police kënnt jo net fir alles an déi si jo dann éischter méi empfindlech. Mee sou kann och déi Source vu Kaméidi erof goen."

Et gëtt ëmmer gesot, wann d’Police geruff gëtt wéinst Kaméidi, da mussen se kommen. Stemmt dat oder ass dat just sou eng Urban Legend?

"Selbstverständlech, d’Police ass jo dofir do. «Pour constater les infractions », an hei ass eng Infraktioun. Si ginn hirer Aufgab no. Natierlech wann elo 20 Mol an der Nuecht dee selwechten urifft an et war näischt, da soen se och ok, et ass elo gutt. Mee wann ech uruffen, mussen se och kommen. Wat natierlech awer och ass, ass wann een et iwwerdreift an et war falschen Alarm do ginn et dann och Dispositioune vum Code civil, déi deene Leit op d’Fanger klappen, déi wierklech iwwerdreiwen. Entweder dat se ze vill Kaméidi maachen oder dat se soen, dat déi aner ze vill Kaméidi gemaach hunn.  Also et geet an déi zwou Richtungen."