Dës Woch war den internationalen Dag fir d'Recht op Ofdreiwung. An deem Kader huet sech och de Planning Familial hei am Land zu Wuert gemellt, fir d'Selbstbestëmmung vun de Fraen.

30/09/2022 D'Ofdreiwung zu Lëtzebuerg

Dem Planning no ass d'Ofdreiwung keng Fro méi, et ass eng kloer Äntwert. Hei zu Lëtzebuerg eng liberal Gesetzgebung, wéi d'Presidentin Ainoa Achutegui erkläert.

30/09/2022 Ofdreiwung zu Lëtzebuerg 1

"De wichtegste Punkt ass, dass hei, esou wéi an deene meeschten europäesche Länner, d'Ofdreiwung net am Strofgesetz, mä en Droit ass. Dat heescht dat ass ee Recht fir all Fraen. An dat ass gekoppelt un eng sougenannt 'Fristenlösung', dat heescht bis zu enger bestëmmter Woch däerf eng Fra ofdreiwen, op hire Wonsch hin."

Déi éischte Gesetzespropos fir d'Autorisatioun vum Avortement wéinst medezinesche Grënn geet zeréck op d'Joer 1933. Zanter bal engem Joerhonnert gëtt fir e Recht op Ofdreiwung gekämpft. Et ass keen Acquis ewéi d'Beispill vun den USA gewisen huet. An dowéinst och d'Fuerderunge vum Planning Familial. Als éischt gëtt gefrot fir d'Recht an der Verfassung festzehalen.

30/09/2022 Ofdreiwung zu Lëtzebuerg 2

"Dat mécht dass ee Recht dann och wierklech bleift. Wat mir och fuerderen ass, dass deen délai de grossesse fir d'Ofdreiwung verlängert gëtt. Et huet sech gewisen an der Pandemie dass et wichteg wier. An och duerch aner Ëmstänn, déi och an anere Länner ze gesi sinn. Dat heescht vun der 12. op déi 14. Woch, dat ass och scho gepréift ginn iwwerall an Europa, duerch Ethik-Réit. Dat huet en Afloss op Fraen, déi zum Beispill ganz spéit gewuer ginn, dass si eng ongewollt Schwangerschaft hunn."

RTL

© AFP/Brendan SMIALOWSKI

Weider gëtt och gefuerdert, dass déi 3 Deeg, déi eng Fra Zäit huet fir iwwer eng Ofdreiwung nozedenken, annuléiert  an direkt kann den Dag drop ofgedriwwe ginn. A net nëmmen dat...

30/09/2022 Ofdreiwung zu Lëtzebuerg 3

"Mir fuerderen och dass d'Fraen net kënnen dru gehënnert ginn, wa si ënnerwee sinn fir en Ofbroch ze maachen. Dat se net kënnen beaflosst ginn. Mir sinn iwwerzeegt, t'ass eng Decisioun vun der Fra an huet mat der Autodeterminatioun vun der Fra ze dinn."

2021 hu ronn 600 Fraen de Planning Familial kontaktéiert well se ongewollt schwanger goufen. Den Alter vun de Fraen, déi ofgedriwwen hunn, louch dat Joer an der Moyenne bei 28 Joer. An d'Zuel vun all de Schwangerschaftsofbréch?

30/09/2022 Ofdreiwung zu Lëtzebuerg 4

"Also déi Chifferen leien ëmmer tëscht 500 a 600, et kënnt op d'Joer un. Natierlech hu mer Jore gehat wou méi war, mä et läit ëmmer ongeféier bei 530, 550, et bleift ongeféier ëmmer gläich. Dat Wichtegst ass d'Preventioun, dat heescht dass mir op Contraceptioun setzen a natierlech op sexuell an affektiv Opklärung, fir dass den Taux vun den Avortementen kann erofgoen."