Si Mierschwéngchen a Co. wierklech déi richteg Déieren fir si? En Interview mat der RTL Déierendoktesch.

30/09/2022 Kleng Déieren a kleng Kanner

Da wëll een als Kand en Hond oder eng Kaz, mä d'Elteren si fir méi e kléngt Déier. Eng Kanéngchen, e Mierschwéngchen, eng Maus oder en Hamster.

Mä sinn déi kléng Déieren wierklech eppes fir Kanner?

D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet dozou eng kloer Meenung:

Kanner kënne net eegeverantwortlech gemaach ginn

"Dat bescht Kannerdéier ass aus Plüsch- sot emol e Kolleeg, wéi en an der Urgence en auserhéngert, ausgedréchent Mierschwéngchen anzeschléifere krut, deem senger säi Kand- Proprietär einfach iwwerdrësseg gi war...tatsächlech kéint ee bal als Fauschtreegel gesinn, dass, wat e Kand méi kleng ass, säin Hausdéier méi grouss sollt sinn. Mä och e groussen Hond oder eng riseg Maine Coon si  net ouni Surveillance mat klenge Kanner zesummen ze loossen. Am Allgemengen- an natierlech bestätegt och hei, wéi sou oft, d´Ausnam d´Reegel- sollt kee Kand ënner 15 Joer eegeverantwortlech fir egal wéi en Déier gemaach ginn."

RTL

© Pixabay

Och verstänneg Kanner brauchen en erwuessene Backup fir dass et mat engem Déier funktionéiert.
Wat vill Leit och vergiessen wa se sech e klengt Déier uschafen: och déi brauche Plaz.

Kleng Déieren zu e puer halen

" Ausser Hamsteren sollen all déi kleng Déiercher, an der Déieremedezin schwätze mir vun nacen (nouveaux animaux de compagnie) schonn emol zu e puer zesummen a méiglechst grousse Käfeger gehale ginn, wat déi allermeeschten Elteren fir esou genannt Kannerdéier net esou gär hunn, well si dann nach méi Aarbecht mat hinnen hunn wéi souwisou schonn. An da sinn déi meescht Fluchtdéieren an dämmerungs- oder nuetsaktiv, wat jo am Fong fir e Kand, besonnesch méi e klengt, och kee Furri ass."

RTL

© Pixabay

Esou wierklech gär schmusen d'Kanéngercher an d'Mierschwéngercher och net.
Da wier en Hond oder eng Kaz awer vläicht dat Bescht?

Eng besser Relatioun mat Hond an/oder Kaz?

"Och  Honn a Kazen sinn iwwregens och dem Legislateur no den Elteren hir Déieren an dann eréischt de Kanner hir. Mais gutt a responsabel gehalen, erwuessen an op d´mannst mëttelgrouss Honn an och erwuessen, gesond  Kazen hunn op d´mannst emol awer éischter eng Relatioun „auf Augenhöhe“ mat Kanner vun allen Altersgruppen."

RTL

© Pixabay

D'Elteren sollen am Ëmgank mat Déieren och ëmmer e Virbild sinn.

Mam gudde Beispill virgoen

"Ewéi an esou ville Beräicher ass et och, wann et ëm d'Relatioun mat den Déiere geet, dem Kand als Erwuessenen mam gudde Beispill virzegoen. Wann am Elterenhaus mat Respekt, Frëndlechkeet a Léift mat Déieren ëmgaange gëtt, maache Kanner dat meeschtens hirersäits och no... ewéi leider och de Géigendeel."