D'Asbl "Pour une parenthèse" ass virun 3 Joer gegrënnt ginn. Et sinn dës eng Kannerdoktesch, eng Juristin, Sophrologin, Formatrice an Trauerbegleederin, eng Persoun aus dem Finanzsecteur an eng Dieteticienne mat pedagogescher a palliativer Ausbildung. But ass et fir de betraffene Famillen mat Kanner a Jugendlechen déi eng Liewens-verkierzend Krankheet hunn, eng Struktur an en Accueil ze bidden, Michèle Schons?

30/09/2022 E Kannerhospiz fir palliativ krank Kanner

D'Stéphanie Rosquin huet Sport an Ernierung studéiert, an huet laang an der Klinik an op der Erwuessener - Palliativ Statioun geschafft. Si huet sech ëmmer gefrot firwat et hei zu Lëtzebuerg keng Strukture gëtt wou palliativ krank Kanner a Familljen vun der Diagnostik un, bis iwwert den Dout eraus kënne begleet ginn, an huet sech doropshin beim Bundesverband Kinderhospiz an Däitschland fir eng pediatresch palliativ Ausbildung ugemellt.

Palliativ bei Kanner ass eppes ganz anescht wéi bei den Erwuessenen, an et gi vill Facteuren déi derbäi kommen an eng wichteg Roll spillen. An där Ausbildung gouf dat alles ugeschnidden. Et war wierklech wäit gefächert, mee bei der Aarbecht um Terrain léiert een do ganz kloer am meeschten. Meng Ofschlossaarbecht war iwwert den Opbau vun engem Kanner- a Jugendhospiz hei zu Lëtzebuerg an esou hu mer eis alleguer fonnt, déi dee selwechten Dram an Iddi haten an hunn eis esou entscheet dës Asbl ze grënnen. Mir sinn elo insgesamt 10 Membres-Fondateur, do si betraffe Mammen dran, Dokteren, Pediater, Psycholog, Leit aus dem Gesondheetssecteur, Leit mat vill Erfarung um Terrain, an déi engagéiert sinn op deene verschiddenen Horizonter.

Ziel vun der Asbl "Pour une Parenthèse" ass et also de Famillen eng Struktur unzebidden an där no de Kanner a Jugendleche gekuckt gëtt an déi et erlaabt eng Auszäit an eng Parenthèse ze kréien.

Et geet drëms fir eng encadréiert eng medezinesch, holistesch an encadréiert Plaz ze schafen, wou den Deeg méi Liewe ka geschenkt ginn a wou och d'Famillen eemol opootme kënne, mam Wëssen dass hiert Kand optimal betreit gëtt an och si an d'Gesëschterkanner déi Betreiung kréien, déi se brauchen.

Och wann d'Asbl nach zimmlech um Ufank steet, ass de Kontakt mat Ministèren, Associatiounen a Fondatioune schonn do. Duerch d'Kris ass de Projet e bësse gebremst ginn, dofir gëtt elo en neien Ulaf geholl fir nach emol un déi Ulafplazen erunzetrieden. Gesicht gëtt den Ament no engem passenden Terrain.

Hei hate mer vill Hoffnung, mee dee Projet ass dunn awer leider net gelaf wéi gewënscht, esou dass mer elo nach ëmmer eng passend Plaz sichen. Mir hunn och do wäertvoll Hëllef vun engem Architekt, deen eis benevole hëlleft déi Pläng auszeschaffen. Ideal wär et no bei der Stad, mat gudde Stroosseverbindungen an engem gudden Accès un d'Kannerklinik. An an der Natur wär et natierlech ideal fir wierklech kënnen dee Kader ze kreéieren fir des Auszäit aus dem Alldag ze garantéieren. Mee mir sichen och soss nach all Ënnerstëtzung déi et gëtt, vu Savoir-faire, bis zu Memberen asw. Mir stinn nach ganz um Ufank, sinn awer ganz motivéiert an hu vill Leit déi eis schonn hëllefe mat hirem Wëssen a mat hirem Kënnen, mee mir brauchen nach esou Munches. 

An enger éischter Phase soll de Projet méi bekannt gemaach ginn an och de Site geet och deemnächst online wou nach weider Informatiounen drop ze fanne wäerte sinn.

RTL

© pixabay

Stéphanie Rosquin:

+352 621 358 432