Bewosst oder onbewosst hutt der dem Graffiti Kënschtler a Moler SUMO seng Wierker sécher scho gesinn. En huet schonn op ganz verschiddenen Platzen op sech opmierksam gemaach, ënner anerem mam Design vun engem vun der Luxair hiren Fligeren. A senger eegener Galerie kann een elo seng neisten Ausstellung kucken goen.


De Pit Pixius war ënnert den Sprayer :

03/10/2022 Sujet Sumo Galerie 1:1

Ganz niichter schwaarz oder wäiss Maueren, an doropper Konschtwierker an alle Gréissten di vu Faarf platzen. Esou presentéiert sech dem Sumo seng Galerie an der Stad. Do kann een iwwregens net nëmmen di fäerdeg Stécker kucke goen mee och den Atelier selwer :

2017 hunn ech ugefaangen en neien Atelier ze sichen an do hunn ech relativ laang gesicht, war vill Saachen kucken an du sinn ech dunn iergendwann op dat heiten Lokal gefall well et mer erlaabt huet fir mäin Atelier ze maachen an e Showroom ze hunn, eng kleng Galerie wou ech mech kann selwer ausstellen. Wei ech dann dëst Lokal gesinn hunn hunn ech mer geduecht dat ass villäicht en Zeechen, et ass villäicht elo de Moment et ze maachen.

Bis zum 4ten Anniversaire an der Galerie 1:1 war et awer net ëmmer einfach. Corona huet och de Sumo getraff. E Kënschtler wei hien hëlt dat awer éischter mat Humor a passt sech einfach un :

Mier hunn elo véier Joer Anniversaire geféiert, bon an deenen 4 Joer waren 2 Joer Coronazäit dran, dat heescht an der Zäit hunn ech dann d'Galerie zougelooss, an ech hunn alles als Atelier benotzt. Dat hei ass elo di éischt offiziell Expo fir dat Ganzt un d'goen ze kréien.

Ausgestallt sinn awer net nëmmen dem Sumo seng Wierker. En huet nach zwee Kënschtler a Kolleegen invitéiert. Esou ass fir all Goût eppes dobäi. De “Stick” wei en an der Zeen bekannt ass schafft mat alle méiglechen Materialien di en dann zu engem Konschtwierk verbënnt :

Et ass eng Kompositioun vun verschiddenen Objeten di ech sammelen. Di Objeten di ech op de Plazen fannen di bréngen ech dann mat a ginn hinnen en zweet oder en drëtt Liewen. Di Objeten guidéieren och meng Konscht, dat heescht ech adaptéieren mech op de Support, ech muss Solutiounen fannen mat den Objeten mat deenen ech komposéieren, op d'Mauer, d'Faarwen, den Equiliber, di verschidden Matièren, ech spillen do domadder.

Den Thomas ISER huet och seng Platz an der Galerie. Ënner aneren op Hannergrënn vun alen Protokollen a Fligerticketen setzt en seng Konscht. Fräiheet spillt fir hien eng ganz wichteg Roll an e probéiert eis domadder am Alldag ze inspiréieren :

La liberté, ça ne me quitte jamais, je l'ai tatoué ici, donc la fenêtre ça fait partie de ma vie. J'espère  inspirer aussi les autres à s'élever un peu, à oublier un peu leurs soucis du quotidien, c'est presque un art thérapeutique. Je suis toujours en train d'essayer de connaître moi-même grâce à ce que je fais dans l'art. Si je peux avoir un impact positif sur l'ensemble de la société c'est ce qui donne du sens à ma vie, je vis pour ça, ce me fait plaisir.

D'Ausstellungen vun den Kënschtler Sumo, Stick an Thomas Iser kann een nach kucke goen bis den 8ten Oktober. D'Galerie 1:1 ass all Weekend fir de Public op, eng eegen Visitte kritt een op Rendezvous.