D’Fondation Cancer an Europa Donna Luxembourg hunn, zesumme mat Arcus, en neie Service, fir kriibskrank Elteren déi kleng Kanner hunn, an d'Liewe geruff. D'Zil vun dësem Service ass et de Patienten am Alldag ënnert d'Äerm ze gräifen an hinnen dësen esou ze erliichteren.

W.E.G. SELWER LIESEN AN OPHUELEN! MERCIIIIII

D’Fondation Cancer an Europa Donna Luxembourg hunn, zesumme mat Arcus, en neie Service, fir kriibskrank Elteren déi kleng Kanner hunn, an d'Liewe geruff. D'Zil vun dësem Service ass et de Patienten am Alldag ënnert d'Äerm ze gräifen an hinnen dësen esou ze erliichteren.

D'Iddi ass entstanen nodeems ee souwuel bei 'Europa Donna' wéi och bei der 'Fondation Cancer' festgestallt huet, dass et fir Famillje mat klenge Kanner problematesch ka gi wann ee vun den Elteren, krankheetsbedéngt, net méi sou fonctionéiert wéi virdrun. Kriibs ass nu mol net nëmmen eng kleng Erkältung déi no 1 Woch nees vum selwen fort geeet, mee freet vill Energie an dacks schwéier Traitementer déi een net einfach esou ewech stécht. An do ass ee frou wann een e bëssen Ënnerstëtzung fir seng Kanner am Alldag huet. An esou waren Europa Donna an d'Fondation Cancer sech séier eens fir zesummen en neien 'Service' ze finanzéieren deen eben genee dat ubitt. Wouranner dës Ënnerstëtzung konkret besteet, weess d'Lucienne Thommes, Directrice vun der Fondation Cancer:

30/09/2022 Familljenhëllef fir kriibskrank Elteren cut 1

A well weder d'Fondation Cancer nach Europa Donna deen néidegen Knowhow nach d'Leit hu fir dës Aufgabe kënnen ze iwwerhuelen, huet ee sech mat Arcus als Déngschtleeschter zesumme gedoen.

Fir vun dësem Service, deen iwwregens gratis ass, kënnen ze profitéieren ginn et just e puer Konditiounen:

30/09/2022 Familljenhëllef fir kriibskrank Elteren cut 2

Déi Ënnerstëtzung ass op héchstens 8 Stonnen den Dag begrenzt, dat jee no Situatioun. An dat vu Méindes bis Samschdes.

30/09/2022 Familljenhëllef fir kriibskrank Elteren cut 3

Leit déi Interessi un dësem Service hunn, kënne sech per Mail oder telefonesch bei der Fondation Cancer mellen. D’E-Mail-Adress an d’Telefonsnummer gëtt et bei eis op radio.rtl.lu.