Enn November, méi genee vum 26. bis den 30. November invitéiert de Vatel Club Lëtzebuerg nees op d'EXPOGAST an d'LUXEXPO / THE BOX. All 4 Joer ass et jo de Rendezvous mat der Gastronomie aus der ganzer Welt. Och déi Kéier geet et em den Culinary World Cup, deen een iwwregens och just hei zu Lëtzebuerg gewanne kann. Dëser Deeg war d'Pressekonferenz am Institut Viti-Vinicole zu Réimech. De Christian Schmit hat fir eis e puer Stëmme mam Mikro agefaangen.

04/10/2022 EXPOGAST 3 (Alain Hostert)

1972 hat alles ugefaange mam éischte Salon Culinaire, deemools nach am Casino vum Europaparlament.  No enger Escale am Stater Cercle ass et zënter 1978 am 4 Jores Rhythmus d'EXPOGAST an de Foire Halen um Kierchbierg. Hei huet e jo Erfarung mat groussen Eventer an awer d'EXPOGAST ass méi besonnesch. De Generaldirekter Morgan Gromy?

RTL
04/10/2022 EXPOGAST 1 (Morgan Gromy)

Och déi Kéier kann e nees am Restaurant des Nations Plaz huelen fir e Menü vun de Nationalekippen ze degustéieren déi an der Kompetitioun fir de Culinary World Cup sinn. Jidderee wëll natierlech wëssen wéini a wou kréien ech Ticketen ze kafen? Den Alain Hostert vum Vatel  Club Lëtzebuerg mat den Explikatiounen?

RTL
RTL
04/10/2022 EXPOGAST 2 (Alain Hostert)

Mee och wann dat iech net geléngt, de Besuch op der EXPOGAST lount sech op alle Fall.

04/10/2022 EXPOGAST 3 (Alain Hostert)

Fir de Ben Weber ass et seng éischt EXPOGAST als neie Vatel Club President, an dee freet sech och schonn?

04/10/2022 EXPOGAST 4 (Ben Weber)

Den offiziellen Teller an eng Taass, de "Cup" eng Kreatioun déi vun eisem beschtbekannte Kënschtler, dem Sumo realiséiert gouf. 

Kee Concours ouni Jury, an de Jury President ass keen anere wéi de Carlo Sauber? Och de Jury ganz international?

RTL
04/10/2022 EXPOGAST 5 (Carlo Sauber)

Am Moment sinn et 55 Natiounen déi op der EXPOGAST 2022 begréisst ginn. Dorënner Länner wéi Australien, Japan, Kanada , d'USA  a vill europäesch Natiounen.

De Grand-Duché ass och mat der dobäi, dat an der Kompetitioun vum Community Catering. An do heescht et Daumen drécken, Dënschdes de 29.November, wann d'Luxembourg Culinary Catering Team am Asaz ass.

RTL
RTL

 

Méi Informatiounen ronderëm d'EXPOGAST 2022 déi ginn et op

oder op