Colors of Blindness, sou den Numm vun där 1. Quinzaine déi d'Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung ronderëm d'Séibehënnerung organiséiert.  Nicky Soisson.

07102022 D'Quinzaine "Colors of Blindness"

D'Zil vun dëser Quinzaine ass et engersäits Material ze weise dat déi betraffe Leit brauche ma och d'Leit ze sensibiliséieren an ze weisen, dass déi Leit déi eng Beanträchtegung hunn awer trotzdeem aner Kompetenzen hunn.

Offiziell Zuele ginn et zwar keng ma och hei am Land ginn et eng Rutsch Leit déi entweder vu Gebuert aus un entweder ganz blann oder awer séibehënnert sinn. Donieft ginn et awer déi Leit déi duerch eng Krankheet oder en Accident d'Aliicht verléieren. Den Zoustand vum Aliicht, dem Degré wou d'Leit eppes gesinn, ass ganz ënnerschiddlech, Thierry Lutgen, Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung:

"Dat geet vun 0% op béiden Aen respektiv e puer Prozent op engem A oder sou virun. Also wa mer elo d'Kategoriséierung huele vun der Fleegeversécherung als Beispill: do muss ee manner wéi 20% op sengem beschten A gesinn dann ass ee consideréiert als eng Persoun mat enger Séibeanträchtegung. Mir an eise Servicer hunn déi Limitt op 30% gesat fir also virdru schonn d'Leit opzefänken an do hinne Servicer unzebidden."

Wéi et ass mat enger Séibehënnerung ze liewen, ass schwéier nozevollzéie wann een net selwer domadder konfrontéiert ass.

Nach bis de 15. Oktober gëtt am Kader vun dëser Quinzaine e variéierte Programm ronderëm d'Thema Séibehënnerung gebueden, dorënner Expositiounen, Konferenzen, Workshoppen, en Dinner in the Dark an e Concert de bienfaisance:

"Dat ass Donneschdes den 13. Oktober um 19 Auer an der Stad am Conservatoire mat der Madamm Nastassia Simonett, dat ass eng blann Sopranistin, si gëtt begleet vum Robert Kania an dat organiséiere mir och a Collaboratioun mat der Stad Lëtzebuerg. Et ass e Concert de bienfaisance dat heescht do sammele mer Done fir eben d'Blannenzeen hei zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen. An ech denken dat ass ee flotte Moment fir Leit déi u Kultur interesséiert sinn fir an der Stad dee Concert lauschteren ze kommen. Do si mer wierklech op Donateuren ugewisen, mir wiere frou wann do vill Leit géinge kommen."

Tickete fir dëse Concert, deen iwwregens gratis ass, kritt Dir nach via E-mail op cob@flb.lu oder awer och op luxembourg-ticket.lu. Är Donen kënnt Dir dann direkt sur Place entweder cash oder per payconic maachen.

Hei fannt Dir de ganze Programm vun der Quinzaine "Colors of Blindness":

RTL