Am Fall vun engem Accident op der Autobunn kënne Minutten, dacks souguer Sekonnen, den Ënnerscheed tëscht Liewen an Doud maachen. Dofir ass et wichteg, dass een eng Rettungsgaass an esou engem Fall muss forméieren.

27/09/2022 Rettungsgaass: Op wat muss een oppassen?

Am Stau mussen d'Noutdéngschter dacks sech de Wee duerch Masse vun Autoe fräimaachen oder iwwert d'Pannespuer fueren - wäertvoll Zäit geet do verluer!

Mat der Rettungsgaass suergt Dir dofir, datt den Noutdéngscht méi séier a méi sécher op d'Plaz kënnt vum Accident. Blesséierter gi méi séier behandelt, d'Botzaarbechte fänken méi fréi un an de Stau gëtt méi frei opgeléist.
De Manuel Ruggiu vun der SNCA erkläert eis genau, vu wéi engem Zäitpunkt un een eng Rettungsgaass forméiere muss?

"Wann een op der Autobunn fiert an e gesäit, dass de Verkéier sech ëmmer méi zouzitt. Et gesäit een dat doten gëtt elo geschwënn e Stau. Da soll e sech scho preparéieren, a schonn ufänken eng Rettungsgaass ze maachen. Am beschten net waarde bis de Verkéier steet, dann ass et ze spéit, wëll een den Auto da schlecht nach réckelen ka. Dat heescht ëmmer virausschauend fueren. Gutt kucken an sech schonn dorobber preparéieren eng Rettungsgaass ze forméieren."

Wéi a wou muss ee sech dann deplacéiere fir d'Rettungsgaass richteg ze forméieren, bei 2,3 Spueren?

"Also op enger zweespuereger Strooss, do soll een einfach an der Mëtt fräi loossen. Dat heescht, déi riets Spuer fiert ganz no riets. An dann déi lénks Spuer, déi sougenannten Iwwerhuelspuer, déi fiert esou wäit wéi méiglech no lénks, sou huet een an der Mëtt vu der Autobunn ee Couloire fräi. Sou dass Rettungsgefierer dësen Passage kënnen notzen. Bei enger dräispuereger Strooss do ass et bal selwecht, just dass deen Ament déi zwou riets Spueren, déi fueren, dann esou wäit wéi méiglech no riets. An déi wou deen Ament op der Iwwerhuelspuer sinn, fueren nees sou wäit wéi méiglech no lenks. Da bleift tëscht der zweeter an der drëtter Spuer fräi, sou dass sech do d'Rettungsgaass ka forméieren."

Dës Rettungsgaassen dierfen vun all den Noutdéngschter genotzt ginn. Dozou zielen d'Ambulancieren, d'Pompjeeën, d'Police, den Ofschleefdéngscht, an d'Botzaarbechter. Dat heescht, och wann eng Ambulanz duerch d'Rettungsgaass gefuer ass, dës Spuer weider fräi loossen, well esou kënnen e puer Gefierer fir een Accident dës Rettungsgaass notzen.

Wann een dës Rettungsgaass net wëll forméieren, muss en domadder rechnen e Protokoll ze kréien.