D‘Aarbechtswelt verännert sech permanent. Dës Ännerunge kënnen deem engen oder aneren méi zousetzen an esou op d'Gemitt schloen. Esou, datt vill den Anschluss verpassen a sech an enger Sakgaass erëmfannen. D'Corona-Pandemie huet dunn d'Faass zum Iwwerlafe bruecht an villes an der Aarbechtswelt duerchernee gehäit.

04/10/2022 Wéi verännert sech eis Aarbechtswelt?

D'Welt viru an no Corona ass eng aner, esou wuel fir Patrone wéi fir Mataarbechter. Duerch déi Changementer, wéi Homeoffice, digital Tools a flexibel Aarbechtszäiten ass sécherlech munches méi einfach ginn an awer och nees net. Ma de Virus huet och psychesch Spuere hannerlooss, de Long Covid elo net consideréiert. Ma de mentalen Drock op d'Mataarbechter huet zou geholl a Krankheete wéi Burn-out oder Panikattacken ginn och méi dacks genannt.
Rettung: Fräizäit, op déi entretemps vill méi Wäert geluecht gëtt, esou datt d'Patrone méi investéieren mussen, fir d’Leit ze motivéiere bei hinnen ze schaffen. Och eng Rei Avantage kéinten do hëllefen. Mir hunn um Jobdag bei de Patrone nogefrot op hinnen dat opfält?

4/10/2022 Mikro Trott 1

Wat fir Virdeeler kënne si dann hire Mataarbechter bidden?

4/10/2022 Mikro Trott 2
RTL

© pixabay.com

D‘Entreprise sollten net nëmmen fir e gutt „Work Life Balance“ bei hire Mataarbechter suergen, mä och en Interessi fir dat mentaalt Wuelbefannen vu hire Mataarbechter hunn. Wëll geet et dem Aarbechter gutt, dann wierkt sech dat och op de ganze Betrib aus.