Et ass u Luxus quasi net ze iwwerbidden. Et mécht een de Krunn op an et kënnt Waasser. Fir eis eng Selbstverständlechkeet. Dat Bescht et kann een et och nach drénken. A ville Länner op der Welt kënnt kee Waasser aus dem Krunn a wann, da kann dacks vun dat drénken net rieds goen. Zréck op Lëtzebuerg, d'Laura Lessyn huet bei SEBES nogefrot.

04/10/2022 Gutt datt mir Krunnewaasser hunn INTERNET

Proppert Waasser aus dem Krunn muss fräi vu Schuedstoffer a Pathogene sinn. Aus deem Grond gëtt Grondwaasser fir d'éischt duerch verschidde Prozesser an de Waasserwierker a Drénkwaasser ëmgewandelt. Zanter 1962 verstäerkt SEBES d'Drénkwaasserversuergung vum Land mat Stauséiwaasser, dat duerch streng Kontrolle leeft. Den Direkter Georges Kraus vu SEBES-Drénkwaasser, erkläert wéi d'Krunnewaasser natierlech gefiltert gëtt?

"Et kënnt ganz vill Waasser aus eise Quellen. Dat ass ongeféier d'Hallschent wat am Land benotzt gëtt. An do ass et zum gréissten Deel de Buedem, deen d'Waasser filtert. Dat heescht, wann d'Waasser duerch de Lëtzebuerger Sandsteen geet, da gëtt et vu senge Verschmotzunge gerengegt, an et kënnt als e gutt Drénkwaasser eraus. Verstäerkt gëtt de Schutz iwwert Schutzzonen, déi an de leeschte Joren agefouert goufen. Déi aner Hallschent vum Krunnewaasser, kënnt aus dem Stauséi. An et gëtt vum SEBES opbereet. Momentan gëtt zu Esch-Sauer mat Sandfilteren geschafft, wou d'Waasser gefiltert gëtt. An der neier Anlag gëtt et iwwert Membrane gefiltert, wou all déi Feststoffer aus dem Waasser geholl ginn, déi do dra sinn. Pestiziden, déi ginn duerch Ozon ofgebaut, an op Aktivkuel schlussendlech ganz zeréck gehalen, sou dass déi guer net méi am Waasser enthalen sinn. Zum Schluss gëtt zu Esch Sauer nach Chlor verwennt fir ze desinfizéieren. Bei der neier Opbereedungsanlag, déi ass sou performant, dass een do op de Chlor verzichten kann. An déi lescht Desinfektioun gëtt mat UV Luucht gemaach, sou dass d'Waasser och do eng besser Qualitéit huet. Warscheinlech nach e bësse besser ewéi elo momentan."

Hei am Land kann een ouni Bedenken d'Krunnewaasser drénken. Et ginn pro Joer ongeféier ëm 7.500 Kontrollen um Waasser gemaach, och d'Gemenge wéi de Syndikat kontrolléieren d'Waasser. D'Waasser ass vu ganz gudder Qualitéit iwwerall hei am Land. Wat awer muss gemaach ginn, wann Waasser net propper ass?"D'Krunnewaasser ka verschmotzt ginn duerch e Accident, mir haten jo sou en Accident beim Stauséi de 14. September 2014. Da muss een natierlech ganz gutt oppassen, wat ee mécht an et muss een all Mesure respektéieren, fir dass dës Verschmotzung net an d'Quelle kënnt. Dat ass den éischten Probleem wou et gëtt. Den aneren ass en techneschen Probleem, géing elo eng Pompel ausfalen, oder eng Etapp net richteg funktionéieren."

Déi Probleemer si ganz rar, ma sollt et esou e Probleem ginn, ginn éischtens direkt déi néideg Mesuren duerchgezunn, a zweetens bräicht dat net proppert Waasser an esou Fäll, ëmmer een Dag, bis et bei de Leit ukënnt. A bis dohinner gouf dann informéiert.

RTL

Apropos, en Dräi-Persoune Stot kéint bis zu 1.000 Euro d'Joer spueren, wa Krunnewaasser gedronk gëtt amplaz Mineralwaasser, wat ee kafe muss.