Maacht Dir gäre Party oder ass Iech dat ze ustrengend? En décke Kapp den nächsten Dag kann effektiv eng onerwënschten Niewewierkung sinn, mä Feieren huet awer och seng Virdeeler fir d’Gesondheet! Wéi eng dat sinn, huet d’Psychologin Dr. Michèle Pisani erkläert.

03/10/2022 Partymaachen ass gesond

Ob Dir et gleeft oder net: Party maachen ass gutt fir Iech! Besonnesch Är mental Gesondheet profitéiert vum Feiere goen, d’Psychologin Dr. Michèle Pisani erkläert.
«Wann een zum Beispill an eng Disco geet oder op eng Party am klassesche Sënn, da sinn dat natierlech och Moyenen, fir sengen Emotioune fräie Laf ze loossen an och fir ofzeschalten, sech auszedrécken, sech z’expriméieren duerch Beweegung, wat am Fong sech natierlech positiv op d’Psysch auswierkt, well mir am Alldag jo oft an der Situatioun sinn, datt mir eis mussen no gewëssene Reegele verhalen, fir gewëssenen Erwaardungen – souwuel berufflech wéi och familiär –gerecht ze ginn. An doduerch, datt ee Party mécht, datt ee villäicht mat Frënn ass, kann een eng gewëssen Onbefaangenheet rëm erliewen, wat natierlech gutt deet»

A wie beim Feieren danzt, deen deet sech och kierperlech eppes Guddes, well Danzen ass jo ëmmerhin och eng sportlech Aktivitéit. Mä et ass besonnesch de soziale Kontakt mat anere Leit, dee gutt a wichteg fir eis ass. Wien nämlech net genuch ënner d’Leit geet, dee setzt sech ënnerschiddleche Geforen aus, sou d’Psychologin:
«Leit, déi keng sozial Kontakter hunn, tendéieren halt och méi oft zu psychesche Problemer, zu Depressiounen, zu Angschtstéierungen a kréie Schwieregkeeten oft manner gutt gemeeschtert. Zudeem ass mëttlerweil och gewosst, datt net genuch sozial Kontakter och kënnen d’Entwécklung vun enger Demenz fërderen. Dat ass natierlech kee cause à effet, mä wann ee manner sozial Kontakter huet, manner Echangen, oft och intellektuell manner stimuléiert ass, huet dat natierlech een negativen Effekt op eist Gehier an eis kognitiv Fäegkeeten»

Ze wéineg rausgoe kann also geféierlech fir eis sinn. Mä wéi ass et da wann een et mam Party maachen iwwerdreift? Kann een ze vill feieren, sou dass ee bemol «ofhängeg» gëtt vu sozialem Kontakt?
«Ech géif do net wierklech vun enger Ofhängegkeet vu soziale Kontakter schwätzen, mä et kann allerdéngs problematesch ginn, wann d’Partymaachen an d’Sozialiséieren als Flucht aus dem Alldag benotzt gëtt, oder als Flucht aus der Realitéit. Ech schwätzen do net vu punktuellem Ofschalten, wat normal a gesond ass, mä wierklech wann een op e Punkt kënnt, wou ee seng Emotiounen a Gefiller net méi geréiert kritt an och net méi kann eleng domat sinn zäitweileg»

Ass dat de Fall, sollt ee seng Ängschten an Emotioune konfrontéieren, amplaz se z’ënnerdrécken. De Kontakt mat anere Leit ass dobäi hëllefräich, wann ee sech dëse mat senge Problemer uvertraue kann.

Wéi dacks ee sollt Party maachen, hänkt natierlech vu Persoun zu Persoun of. Seng eege Limitten ze kennen, ass dobäi dat Wichtegst.