De Weltdag vum Gesinn ass all Joer um 2. Donneschdeg am Oktober, also dësen 13. Oktober. Dëse soll all Joer op en Neits drop opmierksam maache wéi wichteg et ass gutt ze gesinn a wéi vill Mënschen weltwäit un enger Séiaschränkung leiden.

13/10/2022 Weltdag vum Gesinn

Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no hu Minimum 1 Milliard Leit op der Welt eng Aschränkung wat d'Kucken ugeet, dat entweder no oder wäit. Séibehënnerungen a blann sinn, kënne grouss Auswierkungen op d'Liewe vun deene Betraffenen hunn a schränken ee sou wuel privat wéi och berufflech zimmlech an. Haaptursaache fir Séibehënnerunge sinn ënnert anerem de groe Star oder den Alter. Ma och e Glaukom, eng diabetesch Retinopathie, Infektiounskrankheete vum A oder en Accident kënne weider Grënn dofir sinn.
   
Och wann een net exakt weess, wéi vill Leit hei am Land séihbehënnert oder blann sinn, sou soll een dës Populatioun net vergiessen. An dat huet een iwwert d'Joren och erkannt. Mëttlerweil ginn  well eng Partie Léisunge am Alldag fir déi Betraffe gebueden, sou den Adapto Bus fir vun A op B ze kommen zum Beispill. Den Thierry Lutgen, Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung erkläert weider.

Mir hunn d'"Chiens guides" an d'"Canne blanche", déi och a Kommissioune mat dobäi sinn. Et gëtt d'Accessibilitéitsgesetz wat deemnächst elo nach eng Applikatioun kritt, wat verflichtend gëtt fir d'Entreprisen. Am Moment wann d'Garen nei gemaach ginn an Dir gitt do iwwert d'Garen dann hutt Dir iwwerall Leitlinnen déi do amenagéiert ginn. Dat heescht et gëtt schonn en Deel gemaach mee, wéi bei Allem, gëtt et eng Rei vu Saachen déi vergiess gi well d'Blannecommunautéit awer relativ kleng ass an och keng grouss Lobby huet gëtt awer oft déi blann Persoun vergiess."

E grousse Problem bleift awer weiderhin den Aarbechtsmarché. Vill Leit mat enger Séibehënnerung hunn effektiv immens Problemer eng Aarbechtsplaz ze fannen. Dobäi schreift d'Gesetz awer vir, dass een, wann een e gewëssenen Taux u Salariéeën huet, d'Obligatioun huet eng Rei vun adaptéierten Aarbechtsplazen ze hunn. An do ginn et och speziell Servicer déi engem hëllefen déi Adaptatioun notamment fir séibehënnert Leit ze maachen:

"Do gëtt e Servicer déi an där Adaptatioun d'Firma ënnerstëtzen. Ech huelen elo d'Beispill wann e méi groussen Ecran misst gemaach ginn oder eng Braillezeil installéiert ginn, dass et do awer Méiglechkeete ginn déi iwwer verschidde Servicer vum Staat och do d'Méiglechkeet bidde fir eng Adaptatioun vum "Poste de travail" ze maachen. Also do ginn et schonn Hëllefstellungen. Et ass natierlech net sou bequem wéi wann een een astellt, dee mat allem eens gëtt wat een do huet, mee da muss een ufänken de Büro ze amenagéieren, vläicht de Wee dohinner ze amenagéieren."

Nieft der Fondatioun ginn et awer och nach eng ganz Partie Associatiounen hei zu Lëtzebuerg déi sech fir Leit mat enger Séibehënnerung asetzen.

Aktuell leeft dann och nach déi 1. Editioun vun der Quinzaine de la déficience visuelle, "Colors of Blindness", déi d'Fondatioun organiséiert. Den Owend gëtt et an deem Kader dann och e Concert de bienfaisance am Conservatoire an der Stad a muer steet nach eng Formatioun um Programm.