Et muss méi gespuert ginn, dat ass d'Devise. De Portmonni freet sech vläicht, d'Gesondheet deemno wéi manner.

11/10/2022 Kann Energiespueren eis krank maachen?

D'Heizung gëtt erofgedréint, de Krunn séier zou an d'Waasser soll am beschte kal sinn. Funktionéiert alles, kéint awer och geféierlech ginn.

Wann et méi kill dobannen ass, gëtt et engem automatesch mat méi kal. Viru Joerzéngte ware Raumtemperaturen vun 18,19 Grad d'Norm an et brauch ee net ze fäerten dass een hautdesdaags erkaalt wann een d'Heizung méi erofdréint. Kritesch gëtt et eréischt wann ee laang kal gëtt an ënnerkillt. Wien scho krank ass, sollt oppassen, a sech waarm halen. Eng wëllen Decken ass am Wanter souwisou ze recommandéieren.

Wat d'Hëtzen doheem ubelaangt, esou ass et de gudde Rot d'Heizung ganz erof ze dréinen. An engem Gebai muss gehëtzt a gelëft ginn. Soss riskéiert ee Probleemer ënnert anerem a Form vu Schimmel ze kréien. De Michel Reckinger:

11/10/2022 Kann Energiespueren eis krank maachen? 1

" D'Heizung ausmaachen oder op ee fraschtfräie Programm maachen, deen ënner 10 Grad fält, dat soll ee net maachen, do riskéiert een effektiv dass et ufänkt ze kondenséieren. Mä dat mécht keen. Also nach eng Kéier: et soll een d'Heizung uloossen an et kann een ouni Weideres  d'Raumtemperatur an deenen eenzelne Raim ëm 2,3,4 Grad erofdréinen ouni dass do iergendeppes geschitt. Dat kann een iwwer den Thermostat vun der Heizung maachen, dass een dee just op 2 oder 3 dréint..."

... An et kann een och säin Installateur froen fir d'Virlaaftemperaturen op der Chaudière erof ze setzen.

Gäre gëtt och um waarme Waasser gespuert an d'Hänn gi just nach kal gewäsch. Wäscht ee seng Hänn uerdentlech a mat Seef, brauch ee sech keng Gedanken iwwer d'Hygiène ze maachen. D'Hänn solle gutt banne, baussen an tëscht de Fangere gewäsch ginn fir Bakterien a Vire lass ze ginn, roden d'Experten. An et géif souwisou kee seng Hänn mat esou waarmem Waasser wäschen, dass Keimen ofstierwen. De Risiko ass grouss dass ee sech verbrennt.

Fir waarmt Waasser suergen Heizkesselen, do ass den Energieverbrauch natierlech héich. Mä dierf ech hei einfach d'Temperatur erofsetzen? A Wéi ass et hei mat deene sougenannte Legionellen, déi fir ellen Infektioune kënne suergen?

11/10/2022 Kann Energiespueren eis krank maachen? 2

"Also am Prinzip ass dat kee Problem an engem Eefamilljenhaus well d'Buedzëmmere gi jo alleguerte reegelméisseg benotzt, dat heescht déi Leitungen, déi gi gespullt, doduerch dass een eng Dusch hëlt, sech moies wäscht. Dee Moment gëtt de Legionelle-Risiko absolutt reduzéiert an engem Eefamilljenhaus. Dofir ass et och kee Problem fir d'Waassertemperatur erof ze setzen, déi muss net op 60 oder 55 Grad sinn, déi kann een och op 45-42 Grad erofsetzen. Dat ass jo ongeféier déi Temperatur mat där een duscht, also brauch een och net méi waarm Waasser ze produzéieren ewéi een dono och brauch fir waarm ze duschen."