D'Fondatioun Kannerschlass, déi et well zanter 71 Joer gëtt an déi mat Famillje schafft déi an enger Noutsituatioun sinn, huet viru kuerzem en neie Service an d'Liewe geruff deen d'Panoplie vun der Offer vun der Fondatioun ergänzt, Nicky Soisson.

13102022 PRIMA: Fréifërderung bei der Fondatioun Kannerschlass

PRIMA, sou den Numm vun dësem neie Service vun der Fondatioun Kannerschlass deen et zanter Mäerz dëst Joer gëtt an dee Fréifërderung fir kleng Kanner tëscht 0 an 8 Joer ubitt. Dëst entweder well si eng Behënnerung oder e Retard an hirem Developpement hunn. Elteren déi sech Gedanken ëm d'Entwécklung vun hirem Kand maachen, fannen hei deemno eng Ulafstell, Gilbert Frisch, Direkter vun der Fondatioun Kannerschlass:

"Déi kënne sech dann un eise Service wenden, hier Suergen do matdeelen a mir kucken da mat hinnen zesumme wou hiert Kand drun ass, ob et effektiv e Retard a senger Entwécklung huet oder net an do kënne mer d'Elteren dann dee Moment beroden, guidéieren, berouegen. A wann eppes do ass, kënne mer och e Suivi ubidden."

D'Ekipp vum Service PRIMA besteet aus Mataarbechter déi am Beräich vun der fréier Kandheet forméiert sinn a bitt de betraffene Kanner an hiren Elteren d'Méiglechkeet en Diagnostik an eng Fërderung ze kréien. Corinne Majerus, Ergotherapeute beim Service PRIMA vun der Fondatioun Kannerschlass:

"Mir sinn en interdisziplinäert Team vun Heilpädagogen, Psychomotriciennen, Orthophonistin a Kiné. Mir schaffen elo net spezifesch just an eisem Beruff, mir maachen elo wierklech eng global Prise en Charge.

PRIMA bitt seng Servicer iwwerall am Guttland un:

"Mir bidde Fréifërderung un an dës Fréifërderung kann entweder bei eis an eise Raimlechkeete si wou mir méi Méiglechkeeten hunn a punkto Material a Plaz mee eben och doheem bei de Leit well et wierklech och dat ass wou d'Elteren heiansdo Froen hunn doheem "Wéi kënne mir dat elo doheem ëmsetzen" an do ass et dann eben och flott well mir eis Fréifërderung och doheem bei de Leit kënne maachen."

Finanzéiert gëtt PRIMA iwwregens iwwert de Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse respektiv iwwert den Office National de l'Enfance.

Hei kënnt Dir Iech melle wann Dir Iech Gedanken iwwert d'Entwécklung vun Ärem klenge Kand maacht:

Tel. : 59 59 59 – 90
prima@kannerschlass.lu