Hutt der iwwer Corona och e Kilo oder zwee zougeluecht mat deenen der haut nach um streide sidd ? Vläicht ass dat hei jo da genee dat Richtegt fir Iech : Kee Regime, mee intuitiv Ernärung. Do geet et méi wäit wéi just en Iessplang, an och Schneekegkeete sinn emol dotëscht erlaabt. De Pit Pixius huet sech a sengem Kampf géint Kiloe fir eis informéiert.

12/10/2022 : Intuitiv Ernärung

Regime maache kenne mer alleguer, ma déi mannst maachen et wuel gären. Dacks kritt ee sech alt nach gerappt, mee Wierkung hält net laang un an no e puer Wochen ass ee méi schwéier wéi virdrun. Besser ass et ze verstoe firwat een Honger huet, wat een iesse kann a soll. An domat wäre mir bei der «intuitiver Ernärung». Do geet et ëm méi, wéi just e klassesche Regime :

D`Sonja Tousch, Coach an Expert fir intuitiv Ernärung erkläert :

Bei der intuitiver Ernärung geet et am Fong net nëmmen ëm iessen, et beschäftegt ee sech elo net mat Nahrungsmëttel, et geet éischter ëm d'Konzept. Et geet drëm en Zil festzeleeën an dat Zil soll net onbedéngt sinn "25 Kilo", mee mer kucken méi wäit. Firwat wëll ech dat erreechen, wou leien d'Problemer, leien déi éischter op kierperlecher Ebene, mental oder emotional. Bei deem engen kënnt d'Iwwergewiicht net aus dem selwechte Grond wéi bei engem aneren, an et ass och net op di selwecht Aart a Weis ze léisen.

Ass et engem bis bewosst wou ee steet a wou een hi wëll, fänkt een u mat schaffen a léiere sech selwer a säin Hongergefill ze verstoen. Dat mam Honger ass nämlech sou eng Saach :

Et geet am Fong drëm dass ee léiert mol rëm sech selwer ze kucken, erëm ze léieren " Wéini hunn ech iwwerhaapt Honger ? , " Wéini hunn ech genuch ? ". Net wann ech platzen mee wann mäi Kierper mer eng Meldung gëtt " Ech hunn elo genuch ". D' Hongeraarten gi gekuckt : "Aus wat fir engen Ursaachen iessen ech" , " Wéi fillen ech mech wann ech giess hunn ? " , well entweder an den Diäten den Honger ënnerdréckt gëtt oder wann een dann eben erëm ësst, ze vill ësst an iwwerhaapt net mi dat richtegt Hongergefill huet.

D‘Zil vun der intuitiver Ernärung ass also net just ofhuelen. Et geet vill méi wäit. Dowéinst kritt een hei och net just e strikten Iessplang op deem Moies 2 Banannen, Mëttes en halleft Blat Zalot an Owes en halleft Eewäiss erlaabt sinn. Nee, et léiert een op säi Kierper lauschteren, Honger verstoen a bewosst iessen. Am Prinzip ass näischt verbueden, och Schockela ass erlaabt :

Et ass am Prinzip näischt verbueden mee et mierkt ee selwer wann een op säi Kierper lauschtert an ech soe mer elo ech kann esou vill Schockela iessen esou vill wéi ech wëll. Well wann ech elo bei enger Diät soen "Ech dierf keen Schockela iessen " dann ass et d'Geschicht vum rosa Elefant, dann denken ech op eemol just nach un de Schockela deen ech net dierf iessen. Wann ech awer elo soen ech dierf Schockela iessen, dann iessen ech e Stéck, an da mierken ech no enger Zäit : E klengt Stéck geet mer duer, an dann hat ech dat Stéck Schockela an dat huet mer och gutt geschmaacht an ech hunn dat genoss. Ech hunn dat net einfach erof geschlongen an dat nächst eragestach mee ech hunn dat wierklech genoss. Da stellt sech lues awer sécher eng immens flott Ernärung an.

Laang Zäit huet d'Sonja Tousch selwer mat hirem eegene Gewiicht gekämpft. Duerch d'intuitiv Ernärung huet Si elo hiren eegene Wee fonnt a wëll och aneren hëllefen. Dofir bitt d’Sonja net just Seminairen a Coachingen un, ma schreift och e Buch :

Do gëtt dat ganzt beschriwwen an ech ënnerleeën et awer och mat eegene Geschichten, ech beschreiwen och wéi ech zum Beispill mat 25 Joer op der Plage sëtzen, voll bekleet ouni dass ech mech trauen e Maillot un ze doen. Ech bréngen och esou perséinlech Geschichte mat dran fir elo net e Buch draus ze maache wat just informativ ass, mee dass et awer och e bëssen eng Liichtegkeet kritt wou d'Leit sech och dra kënnen erëm fannen, verschiddener op alle Fall.

E ganz schéine Saz deen d'Sonja Tousch eis nach mat op de Wee ginn huet war :

D'Léisung läit an eis, net an engem Plang dee mer opgedréckt kréien.