
Wat eis Bauere beweegt, wéi se schaffen, a mir wollten eng Kéier duerstelle wat d'Biolandwirtschaft fir eis ass an och fir eis Gesellschaft bedeit. Firwat dat wichteg ass, well mir den Ament nawell vill Krisen erliewen, awer mir erliewen och, datt d'EU a Lëtzebuerg sech immens ambitionéiert Ziler gesat hu fir d'Biolandwirtschaft weiderzeentwéckelen, well dës dach de Schlëssel ass ville Krisen a ville Probleemer, déi mir hunn, ze begéinen; well et e ganz eenheetlecht Konzept ass. Dat wollte mir mat deem Film gären dobausse weisen.
Am Film gesäit ee wéi grouss d'Entwécklungen an de leschte Jore bei der Produktioun, Vermaartung, Fuerschung a Berodung an dësem Beräich vun der der Landwirtschaft waren.
De Film ass elo net fir Professioneller geduecht, mä och fir dem Grand Public fir ze weise wéi d'Biolandwirtschaft funktionéiert.
Awer och eben duerzestellen, wat mir zu Lëtzebuerg schonn alles hunn, a wéi d'Baueren hannert hirer Aarbecht stinn an datt et ebe wichteg ass, datt mir net nëmmen eng regional Landwirtschaft hunn, mä datt mir och eng biologesch Landwirtschaft hunn. Well eben esou Landwirtschaft no eise Virstellungen, déi wierklech am Kreeslaf schafft an doduerch och Liewensmëttel ka produzéieren am Aklang mat eiser Natur. Also ressourceschonend an dat sinn alles déi Saachen, déi mir brauchen, datt mir eis an Zukunft och kënne gesond ernären ouni ze grouss Ofhängegkeeten ze hunn.
Mir brauchen eng Landwirtschaft, déi och nach an 100 oder 1000 Jore bestoe kann. Dofir soll e Bewosstsinn fir dës Zort Landwirtschaft geschafe ginn a weise wéi vill eis Ernärung domadder ze dinn huet.
A wéi wichteg et och ass fir eis alldeeglech Ernärung, datt mir eng gutt Landwirtschaft hannendrun hunn. Déi meescht Leit beschäftegen sech net onbedéngt domadder, mir mussen awer all Dag iessen an drénken an dofir wëlle mir méi Bewosstsinn dofir entwéckele bei de Leit, se dofir sensibiliséiere fir déi Aarbecht, déi d'Biobaueren zu Lëtzebuerg fir d'Gesamtgesellschaft leeschten. Datt dat och méi an de Fokus geréit, et soll een sech dofir doriwwer méi Gedanke maachen, wéi een zum Beispill akeeft, well mat hirem Akaf bestëmme si och wat fir eng Landwirtschaft mir am Endeffekt hunn.