D'Temperature falen dobaussen a vill Leit ass et scho méi kal. Mir wollte wëssen ewéi de Kierper drop reagéiert an hu beim Dokter nogefrot.

14/10/2022 D'Coryse freet no- De Reportage vum Radio

De mënschleche Kierper brauch nämlech ëmmer eng bestëmmten Temperatur, ëm di 37 Grad. An eis bannendran hu mer Rezeptoren déi op d'Hëtzt an d'Keelt reagéieren, Dr Haas:

14/10/2022 Haas 1

"Wann et elo ze vill waarm gëtt oder wann et ze vill kal gëtt, mellen déi Rezeptoren dem Hypothalamus wat lass ass, an dee reagéiert dann doduerch dass e verschidde Saache spezifesch mécht. Zum Beispill wann et kal ass, fir Hëtzt ze spueren, doduerch dass en d'Oderen an der Peripherie baussen op der Haut an iwwerall zesummen zitt a keng Hëtzt verluer geet. An e reagéiert och doduerch dass en d'Schilddrüs stimuléiert an d'Organer, dass déi hier Hëtzt produzéieren."

RTL

© Pixabay

Do donieft gëtt et och e Mechanismus, deen Hëtzt mécht, an dat sinn d'Muskelen. Wa mer zidderen, produzéiere mer Wäermt. Dat erkläert och firwat Fraen, Männer an eeler Leit anescht op d'Keelt reagéieren.

14/10/2022 Haas 2

"De Fraen ass et am Prinzip ëmmer e bësse méi kal. Am Prinzip si se e bësse méi kleng a se hu manner Muskelmass. Am Prinzip, well net all Fra ass et kal, et ginn der och déi dat net hunn. Mä an der Reegel hunn Etüde gewisen dass dat esou ass. Hir Muskelmass ass wéi gesot méi kleng an da kënne se net op déi Changementer vun der Temperatur an deem Sënn reagéieren. Dat selwecht ass bei deenen ale Leit. Do hëlt d'Muskelmass of an et gëtt hinnen éischter méi kal."

RTL

© Pixabay

Puppelcher sinn am Ufank gutt geschützt géint d'Keelt, am Laf vun der Kandheet hëlt d'Mass vu brongem Fett an hirem Kierper of an et gëtt hinnen éischter kal. Apropos: Brongt a wäisst Fett sinn och Facteure beim Thema Keelt. A wat ass den Ënnerscheed tëscht deem wäissen an deem bronge Fett?

14/10/2022 Haas 3

"Dat brongt fett ass ganz räich u Mitochondrien. Dat sinn esou kleng Organer an den Zellen, déi Hëtzt produzéieren, déi Energie produzéieren. An déi an deem bronge Fett si spezifesch dofir do fir Hëtzt ze produzéieren ouni dass mer eis schudderen. Et huet ee gemengt dat géif et nëmme bei de Bëbeeë ginn oder bei deenen Déieren déi e Wanterschlof halen. Haut weess een awer och (zanter enger gudder Dose Joren) dass et dat och beim erwuessene Mënsch gëtt. An dat Fett läit am Hals beim Schlësselbeen, ronderëm de Réck."

An dat gëtt vum Kierper geholl fir Hëtzt ze produzéieren an doduerch ziddert een och net well d'Energie direkt an Hëtzt verwandelt gëtt. Dat heescht awer elo net dass mer eis eng Speckschicht sollen uleeën fir gutt duerch de Wanter ze kommen, well déi, déi mer ronderëm de Bauch an d'Hëften hunn besteet aus deem wäisse Feet, also dat wat net esou gutt fir eis ass.