An den Deeg ronderëm Allerhellegen beschäftege mir eis rëm méi dacks mam Thema Doud. Di Mannste maachen et wuel gären, mä a verschiddene Fäll awer ganz bewosst. Thema Stierfhëllef. Wéi gesäit de legale Kader hei zu Lëtzebuerg aus? Informéieren an opklären deet d'Associatioun MWMW (Mäi Wëllen Mäi Wee). Den Tom Nols am Gespréich mam Präsident Jean-Jacques Schonckert.

31/10/2022 Stierfhëllef zu Lëtzebuerg (INTERNET)

2009 ass hei zu Lëtzebuerg e Gesetz gestëmmt ginn a Saachen Stierfhëllef - do steet kloer dran:

Dat ass en Akt, deen duerch en Dokter gemaach gëtt, deen "intentionnellement met fin à la vie d'une personne", di Persoun gëtt an den Doud begleet "à la demande expresse et volontaire de celle-ci". Dat heescht de Patient muss dat ausdrécklech froen. "Assistance au suicide" ass u sech dat selwecht, wou den Dokter hëlleft op di aner Säit ze goen, an hie gëtt dem Patient Moyenen fir dat ze maachen, Medikamenter z.B.,dat gëtt meeschtens mat engem Baxter gemaach.

Domat ass Euthanasie awer nach net erlaabt hei zu Lëtzebuerg:

Nee, et ass erlaabt eng ze froen. Et ass keen automateschen Akt - do musse verschidde Konditiounen erfëllt sinn. Et muss een z.B. majeur sinn - et gëtt jo och Kanner déi stierweskrank sinn, do geet dat net, anescht wéi z.B. an der Belsch. Di Demande muss och kloer an däitlech ausgedréckt sinn, si muss och widderholl ginn, a virun allem wat dat Medezinescht ugeet, do steet ganz kloer am Gesetz: "le patient se trouve dans une situation sans issu", an en huet eng "souffrance physique ou psychique constante et insupportable" ouni dass et eng Perspektiv gëtt dass et him nach emol besser geet. Do musse medezinesch  Symptomer virleien fir dass den Dokter dee Schrëtt dierf maachen. 

D'Doktere si geschützt duerch dat Gesetz - de Patient awer och - duerch di sougenannten Dispositions de fin de vie:

...wou ee seet: wann ech eng Kéier ausser Stand si mäin eegene Wëllen auszedrécken, hätt ech awer gären dass ech euthanaséiert ginn. Dat Dokument vun den Dispositions de fin de vie muss bei der Commission Nationale iwwer d'Applikatioun vum Gesetz beim Ministère de la Santé hannerluecht ginn. Soss ass et net gülteg. Contrairement zur Patienteverfügung - di ass relativ iwwer d'Soins palliatifs, dat muss néierens agereecht ginn. Eng Patienteverfügung ass net equivalent zu den Dispositions de fin de vie - dat ass ganz wichteg z'ënnerscheeden. Dat Dokument muss een obligatoresch deposéieren - mä et ass ee geschützt, et kann een zu all Moment säi Wëllen änneren.

D'Associatioun Mäi Wëlle Mäi Wee gëtt et zanter 1988:

Mir hunn e Comité mat ganz engagéierte Leit, e Kompetenzteam, ganz effikasst Personal dat eis ënnerstëtzt, a mir sinn och zanter 2 Joer Utilité publique - dat heescht di Aarbecht déi mir maache gëtt geleescht an och an der Vergaangenheet gëtt dat unerkannt. Mir hunn e Service  d'écoute et d'accompagnement, déi dat wonnerbar a mat ganz vill Engagement maachen.

Wichteg, wann ee sech fir Euthanasie entscheede wëllt, ass, fréi genuch d'Saachen ze klären - fir unzefänke mat der Famill a mam Hausdokter. An duerno kënnt dann d'Associatioun mat hirer Aarbecht an d'Spill.

All d'Informatiounen zur Stierfhëllef an zur Aarbecht vun der MWMW fannt Dir hei:

Telefon:

+352 26 59 04 82 60