Ee Wuert fënnt dat anert an dann ass de Sträit do. Egal ob an der Famill, op der Aarbecht oder an der eegener Strooss.
Ufank der leschter Woch war an der Aktualitéit och nees vun e puer Fäll vun Noperesträit rieds, an apaart een deen déidlech ausgaange war am Süden vum Land. Bei engem aneren Fall gouf en Hond erschoss.
An deenen Fäll stellt ee sech ëmmer nees d'Fro, wéi kann een dat verhënneren, dass et net sou wäit kënnt an Emotiounen opkachen.
Wéi ass et mat Ulafplazen. Ass dat d'Mediatioun, d'Plainte an duerno carrement plënneren wann sech näischt ännert?

27/10/2022 Fro den Affekot: Noperesträit

Wat sinn d'Ulafplazen?
"Also déi éischten Ulafplaz ass mol direkt de Noper selwer. Wann ech do Stress mat dem hunn, da ginn ech mat dem schwätzen. Ech mengen dat ass dat éischt. Et sinn natierlech och Leit mat deenen ass schwéier ze schwätzen. Dann kënnt et heiansdo esou "Wer nicht hören will, muss fühlen". Dann kann een awer och mol, wann et ze vill gëtt, da kann een, bezéiungsweis, muss een d'Police ruffen. Et kann een awer och Zivilrechtlech virgoen. Et muss een awer dann natierlech Beweiser hunn, dat de Noper een a senger Rou stéiert oder an anere Saachen. Oder e geet iwwert mäin Terrain, oder e mécht mer hei futti oder do futti, et léisst seng Déiere lafen. Dat sinn alles Saachen, wou en Zivilriichter engem Schuedenersatz zouspriechen. An wat et natierlech och nach gëtt, an dat ass nëmmen ze begréissen. Ganz vill Gemengen hunn e Mediatiounsservice."
 
Ma wann de Noper awer net mat an d'Mediatioun well? Hëlleft da just nach d'Plainte?

"Genau, entweder wéi gesot d'Plainte, also ech gi bäi de Friddensriichter. Deen huet och als Missioun ze beroden oder ech ginn effektiv bäi d'Police. Do geet et esou, wann d'Police d'Plainte ophellt, an déi muss d'Plainte ophuele wann en Tatbestand do ass. Dee Protokoll geet weider un de Parquet an deen decidéiert dann op d'Affär an eng Sitzung kënnt oder net. Dat heescht den huet "l'opportunité de poursuite". Et kann, muss awer net poursuivéieren. An do ginn oft Affäre klasséiert. Dat heescht d'Leit kréien e béise Fanger gewisen, wou gesot gëtt, pass op wann der dat do nach eng Kéier maacht, da kënnt d'Affär op d'Geriicht."
 
Wann dat Ganzt awer elo keen Enn hellt, wat kann een dann nach maachen? Soe mer den Noper reagéiert och net op d'Plainten. Kann de Noper dann och ganz haart bestrooft ginn?

"De code pénal gesäit fir, fir des Incivilitéiten. Déi ginn duerch eng Policestroof vu maximal 250 Euro bestrooft. Mee wann sech dat awer häuft, da kann een dohi goen a soen, dat dat ufänkt ee richtegen "harcèlement obsessionel" ze ginn. An dat ass net "harlècement au travail" oder "harcèlement sexuel", mee effektiv, wann ee widderhuelt Saache mécht, déi engem wierklech op d'Strëmp ginn, da kann een awer eng Geldstrof tëscht 251 an 3000 Euro bezéiungsweis 15 Deeg bis 2 Joer Prisong kréien. Also dat ass awer net näischt."
 
Dat kann sech natierlech zéien an et huet ee jo dann awer nach all Dag mam Noper ze dinn. Ass en aneren Auswee villäicht och einfach fir ze plënneren?
"Dat ass effektiv, wann ech mech nei iergendwou installéieren "Augen auf bei der Wohnwahl". Dat heescht wann ee scho gesäit, do ass Kaméidi virun der Dier oder et weess ee vum Virgänger, do war scho Stress, da ginn ech mech net do an en Harespelsnascht sëtzen. Dat heescht, sech ganz gutt, och bäi engem Wunnengskaaf, informéieren. Dat ass wichteg an den anere Wee ass plënneren an den drëtte Wee ass iwwert d'Geriicht. Natierlech wann et esou ausaart wéi d'lescht Woch. Do kann een dann nëmme felicitéieren datt et zu Lëtzebuerg ee ganz strengt Waffegesetz gëtt, well dir kënnt Iech jo virstellen, wann dat esou liberal wier wéi an Amerika, wei et hei da géif lass goen."