Foussgänger gehéieren zu de schwächsten am Stroosseverkéier, zemools kleng Kanner, eeler Leit, ewéi och Mënsche mat enger Behënnerung. Zwee Drëttel vu den Accidenter tëschent engem Gefier an engem Foussgänger, geschéien am Däischteren. Laura Lessyn.

10/11/2022 D'Sécherheet vum Foussgänger INTERNET

D'Visibilitéit vum Foussgänger hänkt ënner anerem vu der Kleedung of, virun allem an der Hierscht-Wanter-Zäit. E Chauffer vun engem Gefier gesäit e Foussgänger mat däischterer Kleedung eréischt op enger Distanz vu 25 Meter, e Foussgänger mat méi heller Kleedung vu 40 Meter aus, an e Foussgänger mat Reflektere vun 140 Meter aus. Et ass also wichteg sech bewosst an dëser Zäit méi hell unzedoen, an am beschten nach mat Reflekteren. Wat muss de Foussgänger nach an dëser Hierscht-Wanter-Zäit respektéieren? Den Andre Schaack vun der Police:

RTL

© pixabay.com

"Wann de Foussgänger bei schlechter Siicht, oder wärend der Nuecht ausserhalb vun der Uertschaft op der Strooss ënnerwee ass da muss en och deen Ament eng entspriechend Warnvest undoen. Dëst gëtt awer oft vergiess."

Dass een e Foussgänger bei engem Zebrasträifen eriwwer loosse muss ass kloer! A wéi enge Situatiounen muss een de Foussgänger nach eriwwer loossen, och wa keng Zebrasträifen do sinn? De Manuel Ruggiu vu der SNCA:

„De Foussgänger dee sech engagéiert op de Foussgängersträifen oder just d’Intentioun huet fir op de Foussgängersträifen wëllen ze goen, huet ëmmer Prioritéit, do muss een ëmmer stoe bleiwen. Do wou de Foussgänger och nach Prioritéit huet, wann een zum Beispill an eng aner Strooss wëll ofbéien, och wa KEE Foussgängersträifen um Buedem gemoolt ass. An och nach, wa vun enger Distanz vun 30 Meter KEE Foussgängersträifen ass, dierfe Foussgänger selbstverständlech iwwert d'Strooss goen, deen Ament ass de Foussgänger awer net méi prioritär. Do ass et um Foussgänger och ze kucken, wéini e sécher kann iwwert Strooss goen.“

Wann de Foussgängersträifen awer ënner 30 Meter wäit ewech ass MUSS een Dee benotzen. Wat dierf een dann als Chauffer vu engem Gefier, alles NET beim Zebrasträife maachen?

„Wa Foussgänger um Foussgängersträife sinn, da soll een deenen och Zäit loosse fir eriwwer ze goen. Et duerf ee se op kee Fall hetzen, oder drängelen. Et soll een och gefaast sinn dass d’Leit hir Meenung och nees änneren, an Demi-Tour maachen, dofir net ze fréi lass fueren. Wat een och net duerf maachen, wann een am Stau steet oder am Stop and Go ass, dierf een de Foussgängersträifen net blockéieren an drop stoe bleiwen.“

Den André Schaack seet eis dann nach wéi vill et kascht wann een de Foussgänger net iwwert d'Strooss léisst?

„Wann ee den Foussgänger net iwwer d'Strooss léisst gesäit de Code de la Route eng Amende vun 145 Euro an 2 Führerschäin Punkte vir."

RTL

© pixabay.com

Mee net nëmmen de Chauffer muss op de Foussgänger oppassen, och de Foussgänger soll sech mat gesondem Mënscheverstand am Stroosseverkéier beweegen.