Bei den Experte gëtt et keen Zweiwel, dass et gesond ass, ënner Dännen, Bichen oder Eechen ze sëtzen a ganz vill Etüde beleeën: Wien sech am Gréngen ophält, deen deet Kierper a Geescht eppes Guddes. No engem Openthalt am Bësch fille ganz vill Leit sech op mannst erfrëscht. Ausgerout. Gestäerkt. De Kapp ass nees fräi. Mee déi Heelwierkung geet awer nach vill méi wäit, Michèle Schons?

11/11/2022 Wat mécht de Bësch mat eis?

Déi agreabel Killt vum däischtere Gréng. Dann de Geroch. Wierzeg, och e bësse moodereg, iergendwéi aromatesch. Et knackt, raschelt, a pëspert lues. Wäit ewech e Spiecht, deen eng fett Mued fräi klappt, nobäi eng Bei déi laanscht flitt. D'Aen déi vibréiere bal... wouhinner nëmme kucken...? Iwwerall Gréng a Millioune vu Schattéierungen a Beweegungen duerch d'Blieder. De Bësch fillt sech net nëmme gutt un, en hypnotiséiert ee scho bal...

RTL

© miSchons

D’Karen Decker mécht zanter enger gudder Rei Jore Bëschcoaching an huet mer verroden, dass et net just drëms geet, fir duerch de Bësch ze spadséieren, mä fir sech mat alle Sënner ganz bewosst op d'Natur anzeloossen. A genee dat mécht eppes mat eis:

Wat mer net dierfe vergiessen, dat ass, dass mir eis eben immens wäit vun der Natur a vum Bësch ewechbeweegt hunn. Déi Societéit, wou mir dra wunnen, dra liewen an dra schaffen, déi ass immens séier ginn. Wa mir an de Bësch ginn, da gi mir automatesch mat an deen Tempo vum Bësch eragezunn an dat ass immens lues. Wann een nëmme kuckt wéi lues e Bam wiisst, -déi meescht Leit sinn sech guer net bewosst, dass zum Beispill e Bam, dee schonn 2 Joer al ass, meeschtens just 10 cm héich ass. An dat si lauter esou Saache wou mer automatesch lues an dee Rhythmus eragezu ginn, ouni et onbedéngt wierklech ze mierken.  

RTL

© miSchons

Fuerscher hunn erausfonnt, dass de Kierper vu Leit déi sech am Bësch ophale, méi Killerzelle produzéiert, dat sinn déi Zaldote vum Immunsystem, déi Krankheetserreeger bekämpfen. Besonnesch wierksam sinn d'Terpenoiden, déi botanesch Aromastoffer, déi mer am Bësch anootmen. E puer Zéngdausend vun deene flüchtege Substanze si bekannt a gehéieren zu deene Stoffer déi immens intensiv richen. Fir d'Beem selwer sinn se eng Aart Kommunikatiounsmëttel, fir eventuell viru gefréissege Gesellen ze warnen.

Ech hunn zum Beispill Firmen, déi ech mat an de Bësch huelen, déi ganz geziilt Moies kommen a Mëttes dann zeréck op hire Büro ginn, an hir Konferenz oder Reunioun, a si soen alleguer dass säitdeem se dat maachen, d'Kreativitéit an d'Luucht gaangen ass, d'Leit méi motivéiert a gutt drop sinn, vill méi spontan, et kënnt vill méi derbäi eraus. An ech menge vun den Aarbechtszäiten hier, mir schaffen 8 Stonnen, déi meescht Leit maachen einfach guer keng Paus méi an et ass eigentlech interessant, dass mer einfach esou riicht viru fueren, obwuel gewosst ass, dass een no 40 Minutten ofschalt. Dat heescht et misst een eigentlech dann eng Véierelsstonn Paus maachen, richteg trëppele goen, an dann erëm ufänken, da wär ee vill méi effikass. Et ass kee Patron deen dat erlaabt, an et ass schuet, well déi Skandinavesch Länner hunn do wierklech bewisen, dass een a 6 Stonne méi schafft wéi an 8 Stonnen. Si hunn do e ganz flotte System. Mee firwat mir den Dréi nach net eraus hu fir dat och esou ze maachen, ass effektiv eng gutt Fro.        

RTL

© miSchons

Et geet esouguer duer, dass een sech 2 Stonnen am Bësch op eng Bänk sëtzt an do verweilt, fir déi gutt Loft anzeootmen, sech Zäit ze huelen, an einfach alles op sech wierken ze loossen.

RTL

© miSchons

Aus der Siicht vun de Fuerscher, ass d'Recommandatioun iwwregens déi, dass een sech op mannst eemol de Mount fir 2 ganzer Deeg am Bësch sollt ophalen.

RTL

© miSchons (Karen Decker)