Typescherweis geet den Ufank vun der kaler Joreszäit Hand an Hand mat der Gripp. Allerdéngs kann ee momentan nach net vun enger Grippewell schwätzen. Ma drop virbereede kann een sech awer alt schonn. A wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëschent enger Gripp, enger Covid-Infektion, an enger ganz normaler Erkältung? Mir hunn beim Generalist Dr. Mike Thommes nogefrot.

14/11/2022 D'Gripp ass nach net ënnerwee

All Joers op d‘Neits hu mer eng Grippewell, ma d‘Intensitéit kann staark variéieren.

14/11/2022 D'Gripp ass nach net ennerwee Cut 1

Wou d‘Covid-Mesuren nach weesentlech méi streng waren, dat heescht wou een huet iwwerall missen eng Mask undoen war tatsächlech och d‘Grippwell e bëssen manner staark ausgefall. An elo d‘lescht Joer, wou awer schonn verschidden Mesuren wechgefall sinn, ass d‘Grippwell och erëm relativ intensiv zeréckkomm. Dat huet een gutt gemierkt. An ech denken dëst Joer besteet d‘Warscheinlechkeet dass d‘Grippwell och erëm wei déi Joren virdrun zeréckkënnt.

Dacks seet ee jo: „ech hunn d‘Gripp“. Meeschtens ass een dann awer just erkaalt, spréch et huet een en grippalen Infekt. Wéi ënnerscheeden sech dann d‘Symptomer?

14/11/2022 D'Gripp ass nach net ennerwee Cut 2

D‘Symptomatik ass effektiv änlech, awer am Schnëtt weesentlech méi hefteg: Kappwéi, Glidderwéi, relativ héicht Féiwer mat bis zu 40 Grad an en dréchenen Houscht. D‘Influenza trëtt och relativ brüsk op.

D‘Gripp an de Covid-19 allerdéngs kënnen, wat d‘Symptomer ugeet, oft relativ änlech ausfalen. Dat läit dorunner dass et alle béid Viruserkrankungen sinn, déi d‘Otemweeër befalen.
Kann d‘Gripp dann och geféierlech ginn?

14/11/2022 D'Gripp ass nach net ennerwee Cut 3

Déi richteg Influenza-Gripp kann richteg geféierlech ginn, besonnesch fir eeler an vulnerabel Leit. Bei deenen kann se hefteg Komplikatiounen ausléisen. Zum Beispill d‘Grippe-Pneumonie, dat ass eng Zort vun der Longenentzündung. A raren Fäll kann se och Myokardite ausléisen, dat heescht eng Häerzmuskelentzündung.

Elo bleift dann nach d‘Fro: wei kann ee sech schütze virun der Gripp? Eng honnertprozenteg Sécherheet gëtt et zwar net, mä selbstverständlech hëllefen d‘Hygiène-Moossnamen. Hänn wäschen an desinfizéieren ass ni verkéiert, grad sou wéi an den Ielebou houschten an néitsen. Et gëtt awer och eng Impfung géint d‘Gripp.

14/11/2022 D'Gripp ass nach net ennerwee Cut 4

D‘Grippimpfung hëlleft engersäits e bëssen fir dass ee sech net ustécht. Wat awer vill méi eng grouss Roll spillt ass, dass de Risk fir Komplikatiounen ze maachen vill méi geréng ass wann een géint d‘Gripp geimpft ass.

Et sief awer och gesot, dass d‘Gripp-Impfung sou gutt wéi net géint de Corona hëlleft, an och ëmgedréint!
Da bleift gesond!