D’SuperDrecksKëscht ass a ville Beräicher ënnerwee, sief et mat an de Betriber oder fir d’Bierger. Wéi eng Servicer si dem Bierger ubidden dat verrode mer iech haut:

24/11/2022 Ënnerwee mat der SuperDrecksKëscht - SDK fir Bierger

Wou ass d‘SDK fir Bierger am Asaz?

4x am Joer bei der Haus zu Haus Sammlung, Annahmestell, Ressourcen Zenteren
 
Wat mécht SDK fir Bierger?

Sammlung vun geféierlech Produkter wéi Spraydousen, Medikamenter, Chemikalien.
Mais och Opklärung wat den Ëmgang mat Produiten ugeet, an och wou nach Vermeidungspotential wier fir schlussendlech och Ressourcen ze spueren.
 
Muss mer do eppes beuechten?

Net op Colmer-Bierg fueren. Mir hunn Keng Geneemegung fir Produiten unzehuelen. Dofir sinn de Ressourcen Zenteren do. Grouss Quantitéiten wéi z.B. e Faass kennen mir nëmmen op RdV ofhuelen, well déi net an eis Camionnette passen.
Wann d‘Bierger sou eppes hunn, kann e sech mëllen ënnert dem Telefon: 488 216-1 oder op info@sdk.lu
Wann een onbekannt Produkter huet mussen ënner Ëmstänn Analysen vun eisem Labo gemaach ginn, och do um Beschten den 488216-1 kontaktéieren.

Wat huelt dir net un?

Virun allem keng Produkter aus dem Bauberäich wéi Sperrmüll, Bauschutt, Styropor, Gipsplacken, Eternit-Diecher, …
 
Wou kann ee sech méi informéieren?

RTL

© sdk