Jidderee weess jo mëttlerweil, dass de Sécherheetsgurt am Auto Liewe rette kann. Allerdéngs heescht et awer och opzepasse wéi a wou dësen opläit fir dass e säin Job richteg mécht. Nicky Soisson.

18/11/2022 Sécherheetsgurt jo awer richteg

Elo fänkt déi Saison nees u wou mir eis gutt waarm apake wa mir aus dem Haus ginn. Eng Rei Leit halen hir deck Jackett dann och gären u fir Auto ze fuere well d'Heizung e bëssi brauch bis et schuckeleg ass. Dat ass awer net onbedéngt sou eng gutt Iddi well bei engem Accident kann dëst fatal Konsequenzen hunn. D'Isabelle Medinger, Directrice vun der Sécurité routière erkläert firwat:

"De Sécherheetsgurt heescht jo 3 Punkte Gurt, dee muss also op der Schëller stramm sinn. Dee muss een dann, wann een d'Jackett net wëll ausdoen, wat natierlech ëmmer besser ass, eng Kéier fest unzéien, dass en op der Schëller opläit an um Becken, op de Beckeknachen, also net um Speck oder op der Jackett. Dee kann een och drënner maache wann een e Mantel unhuet an dee muss een da bäizéien, dass do kee Sputt ass. Et muss een awer och virun allem wëssen, dass dee Gurtstraffer asprange muss a wann dee Gurt net richteg fest gezunn ass da spréngt deen net richteg an."

A wann dann, am Fall vun engem Accident, den Airbag opgeet, da fléie mir mam Gesiicht a mam Kierper voll dra well mir net richteg gehale ginn. D'Konsequenz dovunner sinn deemno wéi richteg schlëmm Blessuren am Gesiicht an um Kierper.

Aner Situatioun, selwecht Gefor: mir sinn ënnerwee an d'Vakanz oder op eng Destinatioun déi méi wäit ewech läit. Dat heescht stonnelaang am Auto sëtzen an do mécht een et sech jo nawell gäre mol gemittlech...virun allem de Bäifuerer. Dacks gesäit een op der Autobunn e puer Féiss um Tableau de Bord brutzelen. Dass dat elo net onbedéngt immens sécher ass, wëssen déi meescht. Ma dass et ënner Ëmstänn awer kann extrem geféierlech ginn, vläicht manner:

"Spéitstens wann een eng Kéier sou e Crashtest gesinn huet, wann een d'Been um Tableau de Bord leien huet an et gëtt gebremst, dat muss och elo net bei extrem héije Vitesse sinn, mee et geet duer, dass een eng Kéier fatzeg no vir flitt da schléit ee sech mat sengen eegene Knéie riicht an d'Gesiicht an den Airbag ass jo dann och ënnerhalb vun de Knéien. Dee schléit engem dann egal wouhinner mee just net do wou e soll fir een opzefänken. A wann een d'Féiss um Tableau de bord huet da läit ee jo och mam Sëtz vill méi no hannen, soss ass et jo och net bequem, dann ass de Gurt och net op der Schëller a bis een iwwerhaapt vum Gurt zréckgehale gëtt, ass et schonn ze spéit, dann huet een d'Knéie schonn am Gesiicht."

A wéi een dann ausgesitt an dass dann eventuell souguer eng nei Salle à manger hier muss, kënnt Dir Iech jo sécherlech virstellen.

Beim Kannersëtz gëllt iwwregens dat selwecht wéi bei eis Erwuessener wann ee seng deck Jackett unhält. Do soll een de Gurt och nach eng Kéier nozéie a sécher stellen, dass dësen iwwerall gutt opläit.