Vill Liichtercher si schonn doruechter ze gesinn, schéin dekoréiert Dännebeemercher, a vill gutt Kichelcher gi scho gebak...
Virun allem d'Kanner freeën sech all Joer op déi Zäit déi elo kënnt, well wat gëtt et zum Beispill méi Spannendes, wéi dem Kleeschen e Bréif ze schreiwen an och nach eng ganz perséinlech Äntwert ze kréien?
D'Michèle Schons war mol kucke wien dem Kleeschen do mat där viller Post hëlleft: 

22/11/2022 E Bréif fir de Kleeschen

Léiwe Kleeschen...

Ech wënsche mer eng Popp an eng Mutz fir se chic unzedoen...

Menger Schwëster wënschen ech nei Faarwen...

Vergiess och d'Mamma net, si wär frou mat engem neie Schal...

An de Pappa freet sech bestëmmt iwwert eng nei Geschierkëscht...

Honnertdausende Bréiwer kréien de Kleeschen, de Weihnachtsmann an d'Chrëschtkëndchen all Joer vu Kanner op der ganzer Welt, op der Hand geschriwwen, gebastelt, gemoolt. A well de Kleeschen net nëmmen dermat beschäftegt ass fir d'Spillgezei erauszesichen, huet en och op der Post seng Engelen, seng Elfen an seng Feeë sëtzen, déi em zanter 180 Joer, zanter dass et d'Post gëtt, eng Hand mat upaken, wann et heescht d'Korrespondenz ze beäntweren. D'Isabelle Faber ass ee vun den Engelcher a weess wat d'Kanner schreiwen: 

Wat ëmmer ganz léif ass, ass wann d'Kanner hier ganz Lëscht geschriwwen hunn, si verschiddener déi da schreiwen: "Wann s de nach e bësse Suen iwwreg hues, da kanns de menger Mamma oder mengem Pappa och eppes matbréngen?" Oder anerer déi schreiwen: "Ech wëll dat an dat an dat a fir mäi klenge Bridderchen oder d'Schwësterchen, déi kënnen nach net schreiwen, kanns du hinnen dat an dat matbréngen?" Ech fannen déi Solidaritéit immens léif, dass se net egoistesch sinn.

RTL

© POST Lëtzebuerg

Op all déi Suckelen déi de Kleeschen all Joer geschéckt kritt, gëtt extra gutt opgepasst, dass en déi och an senger Vitrinn versuerge kann.

Absolut, also et si ganz vill Elteren déi profitéiere vun der Situatioun fir de Kanner ze soen: Voilà, wann s de elo dem Kleeschen deng Suckel schécks kriss de ganz vill Kaddoen... et ass zwar e bësschen Erpressung, mee iergendwéi funktionéiert et, well effektiv kréie mer ganz vill Suckele geschéckt. Ganz oft nach mat engem Pitschelchen, dat ass scho ganz léif.      

Déi flott traditionell Aktioun vun der Post geet meeschtens lass, nodeems den éischte Katalog vu Spillsaachen an der Bréifkëscht louch.

Ab do kann ee sécher sinn, zwee dräi Deeg dono kommen déi éischt Bréiwer. Dobäi muss ech soen, deen éischte Bréif dee mer dëst Joer kruten, dee koum aus Taiwan. Dat ass ëmmer ganz flott ze kucke wou déi Bréiwer iwwerhaapt hierkommen. D'lescht Joer hu mer méi wéi 1800 Bréiwer kritt, esou dass mer do dem Kleeschen hëllefe mussen. Do sinn d'Engelcher vun der Post aus eisem Service déi do eng Hand mat upaken, awer vill Leit wëllen eis hëllefen, an dofir ass et bei eis och en Opruff un déi aner intern Servicer, dass déi eis och hëllefe komme kënnen, dem Kleeschen seng Bréiwer ze sortéieren.  

D'Adress 1, Spillstrooss, 3290 Nordpol, oder Himmelsland, déi gëllt iwwregens och fir de Santa oder d'Chrëschtkëndchen, déi op där selwechter Plaz wunnen. Wichteg ass och, déi eegen Adress net ze vergiessen drop ze schreiwen, esou dass de Kleeschen och äntwere kann. All Joer gëtt iwwregens och e speziellen Timber fir dës Occasioun gemaach.

Do ginn et anscheinend och e puer Timberesammler déi dem Kleeschen all Joer schreiwen... ;-) 

E klenge Kaddo gëtt et nieft dem Timber och an de Kleeschen a seng Engele freeë sech iwwregens och all Joer ganz besonnesch iwwert e Merci vun iech.

D'Adress kennt der jo... 1, Spillstrooss, 3290 Nordpol.

RTL

© POST Lëtzebuerg