Am Kader vum Kulturjoer gouf et dëst Joer eng sëllegen Eventer, Concerten, Fester an Aweiungen. Ganz flott, ma et muss een net ëmmer ënnert esou ville Leit sinn, heiansdo huet een och gären einfach seng Rou. Ma vir déi Amenter huet Esch 2022 och eppes prett : De Projet "In the Field" kann een erliewen, ouni vill Leit mussen dobäi ze hunn.

De Pit Pixius, deen sech och emol gären einfach ofkapselt, huet sech informéiert :

18/11/2022 Esch 2022 : Projet "In the Field"

Den "Ensemble 2.2" vu Stroossbuerg huet am Kader vun Esch 2022 de Projet "In The Field" lancéiert. D'Kënschtler an Techniker hunn eng App entwéckelt déi engem wärend dem spadséiere goe Geschichten iwwer seng Ëmwelt erzielt. Ass hir Applikatioun "GOH" bis um Handy installéiert kann een einfach Kopfhörer undoen a sech leeden loossen.

Den Directeur Artistique Gaetan Gromer erkläert wéi et funktionéiert :

C'est très simple, une fois qu'on est sur place on choisit le parcours dans l'application, on clique sur démarrer et c'est parti. On entend souvent une introduction et après ça commence, c.à.d vous allez voir une carte et sur cette carte il y a des zones qui sont jaunes. Quand vous vous rendez dans ces zones vous allez avoir des fragments de textes et entre les zones vous avez de la musique qui vous accompagne. C'est comme une fiction radiophonique mais dans l'espace.

D'Platz op der ee grad ass spillt ëmmer d'Haaptroll an der Geschicht. Déi ass och ënnerluecht mat verschiddene Museken a Kläng di dat Ganzt zu enger immersiver Erfarung maachen. Den Antoine Spindler, Responsabel vum Studio erënnert um Parcours vun Thil hei vir am Frankräich un däischter Kapitelen vun Geschicht :

Le parcours de Thil retrace le chemin que faisaient des femmes déportées pour aller du camp de Thil à la mine de Tiercelet. On suit ce parcours et on suit le parcours de ces femmes à travers l'emprisonnement dans le concentrationnaire et aussi après, qui sont des parcours assez durs et difficiles qu'elles ont traversé que ce soit dans un camp ou dans l'autre. Le chemin que l'on emprunte c'est celui qui va justement du camp à la mine.

 
Wat een erzielt kritt ass awer net ëmmer esou historesch. D'Artisten hunn och fiktiv Geschichte geschriwwen. Zu Bieles kritt een um Wee laanscht héich a modern Gebaier vun der "Acid Reine Cie" erzielt, di digital Donnéeën an gréng Energie ëmwandelen :

On commence comme si c'était une visite, c'est très corporate, c'est l'entreprise qui nous explique et c'est très bien. Petit à petit on va découvrir une réalité on va dire plus grise. Il y a un côté aussi assez ludique c'est qu'a un moment on peut trouver un indice quelque part dans Belval qui nous permet d'acceder à un nouveau parcours et accéder à la réalité de cette entreprise - on est bien sûr en fiction mais dans cette fiction on accède à la réalité de l'entreprise.

RTL

Eng ideal Iddi wann een en Ament huet an deem een net ënner Leit wëll sinn, mee awer och net Doheem sëtze bleiwe well. Am ganzen hu sech d'Artisten 8 Parcoursen afale gelooss di een entdecke kann. Se sinn tëscht enger hallwer an annerhallwer Stonn laang. D'Applikatioun "GOH" kann een gratis op de Smartphone lueden, dono muss just nach mat Kopfhörer sech op de Wee maachen. D'App wäert natierlech och nom Kulturjoer nach funktionéieren.