Dreemen ass wichteg, well wärend mir dreemen, verschafft eist Gehier wichteg Situatioune vum Dag a späichert nei Informatiounen of déi mir an eiser Erënnerung geléiert hunn. Heiansdo kënnt et awer vir, dass een Albdreem huet, wat dacks kee schéint Dreemen a keen erhuelsamen Schlof bedeit. Mee wat kann een do ënnerhuelen?

23/11/2022 Wat soll ee géint Albdreem ënnerhuelen?

Heiansdo dreeme mir alldeeglech Saachen, dacks absurd, mee och komesch, a munchmol witzeg Saachen. Sou dass ee Moies wakereg gëtt a sech freet:  «Wat war dat elo?»
Awer eis Dreem kënnen och grujeleg sinn, mir schwätzen da vun Albdreem. Dës Albdreem kënnen een, psychologesch gesinn, beonrouegen. Besonnesch wa se reegelméisseg optrieden. Da froe mir eis wat d’Bedeitung an d’Ursaach vun deenen Albdreem sinn, ob se eis kënne schueden a virun allem wat mir dogéint maache kënnen. De Psychotherapeut Gilles Michaux erkläert d'Ursaach vun dësen Albdreem a wat deen Ament genee an eisem Kapp geschitt?

„Albdreem, dat sinn Dreem déi eis Angscht maachen, déi virun allem dann optriede wann et Saache ginn, déi di betraffe Persoun bedrécken, a se eben wärend dem Schlof verschafft ginn. An deem Sënn kënnen Albdreem opgrond vu psycheschem Espace Trauma optrieden. An dës Persoun duerchlieft ëmmer nees dës traumatesch Erliefnisser. Mee och belaaschtend a stresseg Liewensëmstänn, wéi och emotional Konflikter, wou di betraffe Persoun keng sou richteg Léisung ka fannen, kënnen och dozou féieren datt déi da wärend dem Dram beaarbecht ginn. Oft sinn eis dës Konflikter guer net bewosst, an et ass eis onbewosst wa wärend dem Dram probéiert gëtt eng Léisung ze fannen."

Meeschtens erwächt een, ganz duercherneen a fäertereg, an et muss ee sech emol e bësse berouegen an nees kloer denken. Wëll dës Emotiounen, déi een am Dram huet, egal ob Panik oder Angscht, déi si reell. De Problem ass dann awer dacks, dass een iwwert e längeren Zäitraum ënnert dësen Albdreem leit. Wat also maachen?

RTL

© pixabay.com

„Bei Trauma ass et wichteg eng Behandlung vum Trauma ze maachen. A wann dësen Trauma behandelt gëtt, da loossen och dës Albdreem no. Dat nämmlecht geschitt och wann di betraffe Persoun selwer eng Léisung zu hire Problemer fënnt, oder d’Belaaschtung am Allgemengen noléisst. Ass dat awer net de Fall, da soll ee sech professionell Hëllef sichen, wou een dann eng Technik gesäit, bei där ee sech en neien, positiven Zenario iwwerleet. Beispillsweis dass een eng Dier als Auswee fënnt, an och de Schlëssel huet fir déi opzemaachen. A sech dësen Zenario am wakeregen Zoustand bewosst widderhuelen. Hypnos kann och nach hëllefen, wëll et jo een dram-änlechen Zoustand ass.“

Et gëtt also nach eng aner Method, bei där ee léiert, sech am Dram bewosst ze sinn, dass een dreemt. Doduercher kann een och den Dram besser beaflossen.

Also beim nächsten Albdram weist Dir ärer Angscht, dass Dir NET fäerte musst. Zum Beispill haart am Dram jäizen „Stéi op!“. Dann huet hoffentlech den Horror séier en Enn.