D'Luucht mécht krank, mee d'Luucht ass och ganz wichteg fir de Mënsch. Et kann är Laun verbesseren oder Depressioune verstäerken. Dofir ass et ëmsou méi wichteg ze wëssen, wéi eng Luucht ee wou am Dag notze soll. D'Laura Lessyn huet sech ënner anerem d'Fro gestallt ob et gesond ass mat der Luucht un ze schlofen?

23/11/2022 Wéi wierkt d‘Luucht op de Mënsch? internet 1

Owes géint 5 ass et schonn däischter, et ass kal a schmuddeleg dobaussen, d`Stëmmung kippt, den Immunsystem ass net an Toppform. Am Wanter hëlleft et sou vill wéi méiglech vun der Luucht daagsiwwer ze profitéieren a mat de richtege Luuchten ze spille fir de "Wanterblues" ze iwwerbrécken. D'Preparatioun vun der Luucht am Dag spillt am Wanter also eng grouss Roll; wéi soll dës Beliichtung dann am optimaalste Fall ausgesinn, de Patric Wagner vun Designlighting.

"Et gëtt jo di berüümten Wanterdepressioun. Fir där entgéint ze wierken, ass natierlech Dagesliicht oder en änlecht Liicht ganz wichteg. Dir kënnt also moies är Luuchten am Daagesliichtmodus fueren, an da mat der Entwécklung vum Dag eben äre Luuchten op e méi waarmt Liicht astellen. Fir dass um Enn vum Dag är Melatoninproduktioun dann ufänkt. An dass dir deen Ament eng gutt Preparatioun op de Schlof hutt."

De Patric Wagner erkläert dann awer och firwat ee besser huet am Däischteren ze schlofen.

"Et geet laut neisten Erkenntnisser ervir, dat bei kompletter Donkelheet wärend dem Schlofen, d`Entwécklung vun Diabetis awer och vu Kriibs gebremst gëtt. Am Prinzip, wann de Mënsch an der Luucht schléift, fërdert dat d`Entwécklung vun Diabetis a Kriibs. Lo ass et awer sou, datt och vill Leit net kënnen ganz am Däischtere schlofen. An dat läit meeschtendeels un enger schlechter Preparatioun. Dat heescht mir verlängeren kënschtlech den Dag mat kënschtlechem Liicht, passen awer leider net drop op wéi mir dat maachen."

RTL

© pixabay.com

Eng gutt Beliichtung ass Liewensqualitéit, déi och eben e groussen Afloss op d'Gesondheet huet, dowéinst soll een am Wanter oppassen d'Luucht lues a lues ze reduzéieren, fir dass de Kierper eng natierlech Middegkeet produzéiere kann. Et soll een nämlech en Ënnerscheed maachen tëschent enger gesonder Middegkeet an enger gestresster Middegkeet. A wat nach?

"De Stellewäert vun enger gudder Beliichtung misst eropgesat ginn, fir dass ee wierklech eppes fir d'Gesondheet mécht. A mat onnéidege Saachen wou een net vill dermat ufänken kann op der Säit loossen. An iwwerdenken fir an eng gutt Beliichtung ze investéieren a ganz einfach ze iwwerleeën, dass eng gutt Beliichtung vill positiv Aspekter huet."

RTL

© pixabay.com

En anere Aspekt iwwert deen aktuell ganz vill diskutéiert gëtt, den Energieverbrauch. 90% vun de Luuchten di hei zu Lëtzebuerg installéiert ginn, kënnen net gedimmt ginn, liichten also ëmmer op vollen Touren. Se verursaachen e groussen Energieverbrauch, dee souwuel schlecht fir de Portmonni wéi och fir d'Gesondheet ass.