
© pixabay
Duerch verschidden nei Technologien vermëttelen déi synthetesch Äispisten e ganzt "realistescht" Erliefnes. Loosse mer mol déi positiv Punkten ervirhiewen, wéi se iwwert déi Äisplacken ze liese sinn:
-Et gëtt eng identesch Reaktioun an e Gefill, esou wéi beim richtegen Äis.
-Et ass an all Klima, dat ganzt Joer méiglech.
-Si ass ökologesch a verbrauch kee Stroum oder Waasser.
-D'Iwwerfläch amortiséiert an et deet een sech manner wéi wann ee fält.
-Séieren Op- an Ofbau.
-Mobil a liicht ze lageren
-D'Konschtäispiste ginn och vu Profien a Kenner genotzt.
Zu Réimech um Chrëschtmaart ass dëst Joer eng éischte Kéier esou eng Konschtäispist am Asaz. De Buergermeeschter Jacques Sitz zielt eis wou d'Iddi fir eng kënschtlech Äispist hierkënnt:
Mir hate scho virun e puer Joer driwwer nogeduecht, well mer hei an engem Gebitt leie wou en Héichwaasser Risiko besteet. An eng richteg Äispist, fir déi séier ofzebauen, mam Entäisen, dat dauert 3-4 Deeg. Dat huet eis awer e bësse Suerge gemaach fir dat iwwert d'Bün ze kréien. En plus, esou wéi d'Klima sech entwéckelt, et ass jo ëmmer méi waarm ginn, ab 10 Grad hate mer Problemer fir d'Äis ze maachen an du hu mer geduecht, ok, et ass vläicht gutt esou eppes eng Kéier ze probéieren. A wéi elo de Sujet Energiekris a Klima-Capriolen ëmmer méi iwwerhand geholl huet, hu mer geduecht, et wär elo e gudden Zäitpunkt fir och als Gemeng Réimech en Undeel ze maachen, sech dodrunner ze bedeelegen an dat ze probéieren.
Synthetesch Äispiste bestinn an der Haaptsaach aus Polyethylen. Produktioun, Transport, Entsuergung oder Recycling brauchen och Energie a verursaache Plastiksoffall. Beim Schlittschongfuere fräsen d'Kuufe ganz reng Plastiksfiedem of, déi wéi kleng Spéin vun ënnerschiddlecher Gréisst ausgesinn och déi geroden an d'Ëmwelt, esou d'Mikroplastik-Expertin Caroline Kraas vum WWF (World Wide Fund for Nature). Bei dëse Spéin handelt et sech ëm Mikroplastik, deels esouguer ëm grouss Plastiksfiedem, also Makroplastik. Etüden, an deenen de Klimabilan vun alle Systemer also echt Äis, Konschtäis oder Synthetesch Piste verglach goufe, ginn et nach keng, awer fir all neie Plastiksproduit gëtt Pëtrol gebraucht, esou nach emol d'Caroline Kraas.
Bei der Synthetescher Pist ginn d'Kuufe vun de Schlittschong net esou séier ofgenotzt, ma wat ass dann elo den Ënnerscheed vum Fuergefill hier?
Also d'Kanner hunn hire Spaass drop, déi kenne jo och bal näischt anescht, wann een natierlech elo Leit huet, déi vill op richtegen Äispiste gefuer sinn, déi hunn natierlech bedenken, wann se hir Pirouette maachen, dat ass dann en anere Feeling op Äis, wéi op dëser Pist. Mee hei sinn der elo déi ware gëschter hei, déi koumen och haut erëm, do sinn der do, déi fuere richteg gutt, also fir mech als Net-Schlittschong-Fuerer ass dat schwéier ze jugéieren.
Profien sinn anscheinend net ganz vun der Saach iwwerzeegt, an och de Schlittschong ass net gläich Schlittschong, wéi de Fränz Mauer vun der Gemeng Réimech mer erkläert huet:
Mat de Schlittschong musse mer oppassen, et dierf net mat all Schlittschong drop gefuer ginn. Et muss schonn e Schlittschong wéi en Hockeyschong sinn, well mat Zacke vir un de Kufen dierf een net drop fueren, soss geet de Belag futti.
D'Fueren op de Placken ass e bësse méi ustrengend, an et brauch ee méi Kraaft, esou dass eng Konschtbunn fir sportlech oder professionell Asätz net esou vun Notzen ass.
Äispist Réimech
Ëffnungszäiten
Montag - Freitag : 14 - 20 Uhr | Samstag - Sonntag : 11 - 20 Uhr
Lundi - vendredi : 14h00-20h00 | Samedi - dimanche : 11h00-20h00
Ausnamen
24.12.2019 & 31.12.2019 : 10h00-16h00
25.12.2019 & 01.01.2020 : geschlossen | fermé
Tarif
Eintritt/ Entrée : 3€
Block mit 6 Eintrittskarten/ Carnet de 6 entrées : 15€
Schlittschuhe mieten/ Location des patins : 3€

© miSchons
WWF Artikel: Eislaufen auf Plastik - Alternative oder Umweltsünde?